Gesinn daat ass deng eischten Foto, bass aer schons e puer Deeg derbai,
also dann emol een scheinen Salut an härtzlech wellkomm bei eis PGisten.
An huel der nett emmer aales esou zu Härz hei funn den Comments, maach deng Fotoen, sich dein Stil, an iwerasch eis.
Bis geschwenn, Julien
hey - salut - hun däi message lo réischt gesin, an soen ee groussen Merci fir de "welcome", geenial - esouguer mat Begréissung -, wärt daat maachen a mech un däi root haalen, probéieren virun allem ze iweraschen, an bäizeléieren, mee de gros ass wéi schons x-mol hei gesot "affaire de goût".
bis dann, de Rom.
Ech begréissen déch och ganz offiziell hei am Krees vun de Fotosgecken. Mir sin net ëmmer einfach, an hei ans do och ganz streng an eise Kommentarer, mais dat soll déch awer net découragéieren. Am Fong si mir eng ganz fei Fotosfamill, déi zesummen hält, an déi eng grouss Passioun vereent, d'Fotografie. An déng éischt Fotoen, déi mir ze gesi kréien, maachen Appetit op méi. Looss der gudd hei bei eis goen!
Merci, merci, ... ass nawell ganz agréabel hei bei iech, an bis elo ass och nach nët esou schaarf geschoss gin, ... hehe - mol kucken ...
wees de "welcome" ze appréciéieren,
ciao for now, de Rom.