Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hotel Belvedere +

 
Hotel Belvedere +
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.05.2023
  • Gekuckt:
    8996
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    22 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    568 KB
  • Originaldatum:
    2022:08:02 11:03:32
  • Fotoapparat:
    NIKON D500
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92586]
Kommentar vum Fotograf:
Den Hotel Belvedere beim Rhônegletscher gebaut virun 140 Joer plus minus a bekannt aus dem James Bond "Goldfinger" ass momentan "auf unbestimmte Zeit geschlossen". Kee Wonner, well haut huet ee jo och keng schéi Vue méi op de Gletscher, dem séng Zong lo hannert deem Fiels, ob deem ech stoung fir di heite Foto, ass a wou nach ee klägléche Rescht vun der Grott iwwreg bleift, déi awer trotz allem nach dausenden Touristen ulackelt.
gemu 13.05.2023 - 23:03
 Een Hommage un dei gut aal Zäiten, an de 50er a 60er huet et do geboomt. Wonnerbar an d'Bild gesat, eng Opnaam déi nodenklech stëmmt an awer begeeschtert vum Opbau hier.
Nicon07 14.05.2023 - 20:17
Zwee Mol Merci, Georges, fir de Kommentar a fir de Fav.

Effektiv hun ech de Bildopbau sou gemaach, fir keen Auto oder Moto mat op d Foto ze kréie, wat jo schon eng Prouesse hei ass, wann dat engem gléckt. Datt doduerch den Hotel an der Diagonal vum Bierghang ënnen an den Eck gerutscht ass, passt awer ganz gutt bei d Schicksal vum Hotel. Woubäi: ech mengen d Ierwen hun et nach nit ganz opgi, fir en neess ze restauréieren an nei opzemaachen.
marker 14.05.2023 - 21:08
Wie weess, vläicht erliéft dësen Hôtel jo och neess eng Renaissance, sou wéi säi Pendant, de Grand Hôtel Glacier du Rhône zu Gletsch, deen zanter 1984 zou war an 2016 vun zwee jonken Enthusiasten, de Gebridder Winkelmann iwwerhol gouw a momentan komplett restauréiert gët fir d'Saison 2024.
An der diagonaler Verlängerung vum Bierg fannen ech dëst intressant Gebäi aus der Belle Epoque ganz gutt an d'Bild gesat.
Merci Nico fir d'Weisen.
Nicon07 14.05.2023 - 21:11
Merci fir di zousätzléch Informatiounen a fir déng Interpretatioun vum Bildopbau. Genee dat war méng Absicht, datt ech dee Choix do gemaach hun.
Zora 20.05.2023 - 17:55
Boehhhh du wuars do, eng mega Lost Place, flott smile
Nicon07 20.05.2023 - 20:09
Sou lost ass et do nit. Am Summer op alle Fall. Do géif et chwiereg gi, fir heemléch ranzegoe fir Fotoen ze maachen, denken ech mol.
Zora 21.05.2023 - 11:20
Ech tarnen mech als Touristbigsmile
Nicon07 21.05.2023 - 13:51
An da geess du einfach an d'Loge a reservéiers beim Rezeptionist, dem Mister Ghost, een Zëmmer. Vläicht kriss du jo dann do eng "Er-shining". bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 420 Gäscht online