Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

cercle

 
cercle
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.10.2023
  • Gekuckt:
    4945
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/15 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    65 mm
  • ISO:
    2500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1800x1200
  • Späicherplaz:
    484 KB
  • Originaldatum:
    2023:09:21 19:40:12
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92794]
Kommentar vum Fotograf:
eng bekannten Plaatz

keng perfekten Symetrie, tatsächlech din ech mech schwéier se iergendwéi riicht ze kréien ...
wuff 02.10.2023 - 19:01
Excellent!
tormi 02.10.2023 - 21:50
merci smile
Jacques 03.10.2023 - 06:44
Déi gefällt mir richteg gutt!
tormi 03.10.2023 - 07:49
2x Merci Jacques, et freet mech wann se gefällt
Nicon07 03.10.2023 - 10:37
Wat an der real existéierender Wierklechkeet net riicht ass, kanns du net riicht béien. A vergiess ni, datt riicht ee relative Begrëff ass, an datt et schonn eng Leeschtung ass vun der Optik, fir mat ronne Glieser, déi konvex a konkav hannertenee geschalt sinn, Lignes droites iwwerhaapt telles quelles ofgebillt kënne gi.

Dofir schléissen ech mech dem Luef un.
tormi 03.10.2023 - 11:50
... an awer, du kenns dach bestemmt déi Situatioun wanns de un engem Kneppchen dréins an 1 nm (ech iwwerdreiwen nees maasslos) no riets ze mann an 1 nm no lenks zevill ass ...

merci Niko, freet mech
Nicon07 03.10.2023 - 14:32
Hues du ee Brëll? Wa jo, da vergiess et. Do kanns du déch uleeë, wéi's du wëlls, sou ee "Sehkraftverstärker" soll jo eng Krëmmung vun der Netzhaut kompenséieren, oder sou... Ma dat funktionnéiert just beim Optiker, wanns du de Brëll umooss, wanns du aus dem Geschäft raus bass, dann ass de Brëll schon no vir gerutscht an dann ass de Focus scho falsch.bigsmile
tormi 03.10.2023 - 15:53
Ech muss deen tatsächlech beim Fotographéieren ausdoen. Ok, dann soen mier halt "Méi riicht geet et net"
Nicon07 03.10.2023 - 22:11
Wanns du am Okular di richteg Dioptrie hues, dann ass dat gutt. Bei mir as dat nit sou evident. Ech muss de Brëll oploossen.
tormi 04.10.2023 - 06:42
et ass zwar och net emmer evident, virun allem wann ech bei Sport well Photoen maachen stin ech oft ouni Brell do oder kucken mier den Match duerch d'Kamera un bis ech dann nees knipsen, mä bon dann kann ech dono um PC d'Wiederholung kucken closed_eye
Paul-H 05.10.2023 - 00:27
Also um Cercle hun ech mir och schon Zaenn oofgebass. De Problem ass eben dass Place des Armes oofschesseg ass. Ech gesin hei eng ganz gudd gemeeschterten Opnaam wou ech am Fong näischt krommes gesin. Gudd geschafft. An dei Persoun am Agang ass fir mech den Teppel um I.
tormi 05.10.2023 - 07:19
Merci Paul, freet mech wann se dier gefällt.

Jo, d'Plëss mecht et net méi einfach ... hun laang drun geknechelt.
theom 06.10.2023 - 10:56
Eng Top Foto.De Bléck gëtt op den Här an der Dir geleet,den net an d'Bild kuckt mee no lenks, wo de Betruechter dann och hi kuckt. Ganz gudde Bildopbau, an déi vill  Nuancë vu Schwaarz bis Weis bestëmmt 9 bis 10 Zonen.
tormi 06.10.2023 - 14:30
och dier en duebelen merci, et freet mech immenz wann se gefällt.
marker 07.10.2023 - 13:25
Herrlech!! Architektonesch muss net ?mmer alles riicht a perfekt sin, vill m?i wichteg ass den Uspriecheffekt, an den ass dir hei total gelongen!
tormi 08.10.2023 - 11:56
2x merci fier deen flotten Komentar, freet mech
gemu 08.10.2023 - 09:03
Hei ass alles gesot gin, excellente Nightstreet
tormi 08.10.2023 - 11:57
och dier 2x merci, freet mech
tormi 01.11.2023 - 13:00

ganz houfreg sin ech zwar smile ...

ech hun et mat dëser Foto an enger s/w Versioun vun "D'Schotten sin dicht" (hei gepost den 06/11/2022) an d'Auswahl vum der 4 Woch Oktober bei desem Photo Challenge gepackt.

git emol luussen

https://noirclubofblackandwhitephotography.com/october-2023-week-4-gallery/

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 503 Gäscht online