schleissen mech dem wuff un, schein angenehm Serie.
Ech perseinlech hun emmer den Problem, dass bei esou Motiver seier mol eppes dobei ass waat mech steiert, an desem Fall sin et d'Autoen (keen Poteau ), och wann se iergendwei dohin geheieren passen se awer net ... an esou eng Vue ouni ze kreien ... vill Gleck.
Dat doten denken ech och dacks, och wann ech selwer sou Fotoe maachen: "Firwat stin da lo di blöd ... (Autoe, Potoen, Luuchten, Dreckskiwwelen, asw.) do?"
Mais dann denken ech, datt mir do irgendwéi sou an eis eng falsch "Nostalgie" hun a mengen, et dierft näischt am Bild si, wat eisem oder engem allgemengen ästheteschen Empfannen no nit dohinner gehéiert. Besonnesch bei Motiver, wéi hei dem Breedewee, dee jo aus enger Zäit stamt, wou et weder Autoen nach Plastik nach soss Schëlder gin ass. Mais wann een dann awer dem Aschman, dem Kutter Père et fils an sou weider hier Fotoen aus de 50er a 60er Joere kuckt, da gesäit een réischt, wéi wéineg Autoen oder sou haut op de photogene Plazen an der Stad sin.
Ech wees net op daat "falsch Nostalgie" ass wann ech mier eng Vue vun engem Zeitzeien ouni modernen Zousaatz wenschen.
Et kennt jo just drobs un waat ech well.
Daat kann dann just daat sin, waat ech hei beschriwwen hun. Et kann awer och sin, dass ech deen Kontrast vun Nostagie an Modern well hun.
Maach der keng Gedanken: ech si grad sou ee "Purist" an deene Saache wéi's du. Ech verdroen dat och net, wann een an engem ?%u2039mfeld vum 17. Jorhonnert Mobilier urbain vum 21. Jorhonnert gesäit. Oder wann do Saachen rëmstin, déi just vum Haptsujet oflenken. Dofir gefale mir jo déi Biller vun de grousse Stadfotografen och nit alleguerten, mais virun allem déi, wou manner drop ass.
Merci fir di flott Diskussioun hei. Schéine Sonndeg.
Eng ganz interessant Diskussioun, ech kann dem Nico säi Kommentar 100 pro ënnerschreiwen, wëll ech och esou e purist sin an hu gezéckt fir d'Autoen mat an d'Serie ze huelen. Dun hun ech mech awer un eng Opnaam vum Marcel SCHROEDER erënnert déi hien 1959 op der Plëss gemach huet. Deemols wor d'Plëss nach e Parking a stong voll Autoen....an dach ass et Nostalgie pur, di Autoen... zwee Mercedes Ponton am Mettelgrond, haut ass ee frou wann een esou ee begéint a ka mat op d'Foto huelen. No 10 oder 15 Joer sin di Autoen (mat Verbrennungsmotor) op menger Opnamm och Nostalgie a stéieren wahrscheinlech net méi. Merci Tom fir deng appreciatioun a dain Kommentar zu deser Serie
"Roueg" Fotoen a schéin harmonésche Grotéin. De Superwäitwénkel dréit och zu dem flotte Gesamtandrock bäi, well ee mat bloussem Aa di dote Plazen in natura eigentléch net sou gesäit.
Merci Nico. Ech soen ëmmer ech hun scho bal alles an der Stad fotograféiert awer nach net mat all Apparat oder Objektiv. Duerfir haat ech en Donneschden just de 21 mm dobäi fir d'Klassiker mol aanescht ze inzenéiren.