Dein Komposing katégoriséieren ech emool viersichtig an d' Ufäng vum Dadaismus wou alles méi inkoherent an chaotesch duergestallt gin ass , dat ass keen Reproch mä einfach eng Feststellung, et war eben deemools eng Revolutioun an der Molerei an och an der Fotografie déi bis haut unhält.
Ech huelen dat jo och net als reproche, René, soss wier ech jo rosen. Wat ech manifestement net sin. Well du hues genee dat a méng Foto ran interpretéiert, wat méng Absicht war. Wann ech hei vun Zäit zu Zäit "grenzwärteg" Fotoe roplueden, dann ass dat sou gewollt, fir ebe grad verschidde Saachen, déi mir vläicht zevill verinnerlécht hun, ze relativéieren. Ob ech dat elo duerf, dat sief mol dohi gestallt.
Wéi s du richteg schreifs, ass et Dadaismus. E bësse chaotesch, e bëssen anarchesch, awer nët wéischt. An eng Parodie op de "Klassiker" vum Van Gogh.
Merci fir däin Interessi an däin éierléche Kommentar.