D'Beem woren hei Filter genug ..am Eescht, ech sin och absolut kee Fan vu Gedeessems respektiv Verfälschungen mat Filteren.
Merci pixelman, et freet mech.
Héije Kontrast bei Géigeliicht suergt meeschtens fir e puer Problemer, a mir gelengt och nach laang net all Opnahm.
Fir dat "Wonnerschéint" villmols Merci gesot marischen.
Richteg flott mat der Luucht gemolt!
Eenzége Mini-Bémol vläicht dee "wäissen "Dreieck uewen an der Mëtt durech den Himmel, mee déng Bildkompositioun huet wahrscheinlech näischt anescht zougelooss: esou kruus du Diagonal a Géigendiagonal flott an d'Bild.
Jo, den Dräieck vum Himmel war net z'evitéieren vu dat ech d'Sonn onbedingt mat am d'Bild wollt hun, an doriwwer eraus och nach e besse Loft gelooss hun fir se net komplett un de Bildrand ze plazéieren.
Merci fir deng Appreciatioun Jean-Jos.