D'Rauschen, vun dem de René schwätzt, kënnt vläicht vun der Kompressioun (wëll bei dëser Foto, wou esou vill Lucht war, misst den ISO nët ganz héich gewierscht sin, dat gesi mir nët wëll keng EXIF dobäi stin) , awer de Rescht ass schwiereg z'erklären. Op der lénker Säit hues de d'Geb!ai riicht an der Vertikaler, awer riets geet guer nët.
Fir de Kontrast tëscht al a nei ze marquéieren, hätt ech am RAW alles wat ënner däerer flotter diagonaler Linn läit, zolitt opgehelt.
Gudd Idee, gut gesinn, schleissen mech awer den Kommentaren virdrunn un, do wär vill méi dran, den Himmel lënks geif ech och eweg schneiden, dann ass 1 Element manner am Bild an Diagonal geet vum Eck aus fort