wuar daat do wou och mol den lex wuar? wann ech daat lo sou wage an arennerung hun! naja lo mol zu der foto,
se gefällt mer ganz gudd ech sin jo en fan vun deenen moofen an rosaen thein hat ech och schon beim lex senger foto geschriwwen!
daat gesaid einfach wonnerschein do aus! et geif mech wiekelech reitzen och mol dohinner ze goen!
wiekelech ganz flott foto!
Deng Fotoen déi's de a letzter Zäit sou hei roplueds hun iergentwéi all e liichten Rosa-Moow-Touch ;D Ass awer iwwerhaapt net schlemm, fannen se schéin sou ... déi heiten och rem, deen Effekt ass einfach flott bei sou Sténg/Fielsen am Mier, gesäit aus wéi wann et Niwwel wier.
Se huet mech awer och direkt um Lex seng Foto erennert, firun allem am Thumbnail
Hallo Foto vun niewendrun
mecht erennert se och un dem Lex seng foto.. an dei as effektif zimlech ähnlech!
waat mir bei deser besser gefällt wei beio der klenger as datt een d'steng anzwousch hisetzen kann...also mir gefällt se besser mat lanschaft an sou
heyhey ah hei di do insel kenne mer dach =D
war och schon di eng oder aner keier zu tenerife, an vun eiser terrasse vum appartement geseit ee su schein am mier hannen "la gomera", an nach mi schein as et wann den himmel gaaanz kloer as an d sonn just hannert der insel ennergeet. hmmm *dreem* ... yea an 5 deeg gesin ech se rem live hehe
geseit wonnerschein aus, su romaaaantesch an di wellen, et mengt ee baal t wier niwwel um buedem.. huet iergendwi eppes düsteres, geheimnisvolles.. gefällt ma ganz gudd as just bessi schued dat den himmel riets su hell as.. se wier o bestemmt schein wann net su vill himmel drop wier, nee ?
hmm ech mengen des keier fueren ech och mol mam boot bis riwer een tuer iwer d insel treppelen.. wi laang hues du gebraucht bis riwer? waart dir an enger grupp mat engem guide oder kann do jidereen eenzel d insel entdecken?
Salut, als eicht mol merci vir dain Kommentar, du hues d'Athmosphair wierklech schein beschriwwen dei do hannen ass
Ech mengen et waren 45 minuten bis vun "Vueltas" bis op "Los Christianos" mat zweschenstatioun "San Sebastian". Vueltas an San Sebastian sin 2 Uertschaften op La Gomera. Ech war zu Vueltas, daat ass dann eng veirel Stonn mei wait wei San Sebastian mat der Faire "Garajonay".
Op La Gomera kanns de alleng higoen, an et ass eng aaner Welt wei Teneriffa, daat garanteiren ech der wann ech eng fro iwwersin hun so bescheet
jo dat sen/war ech dat heescht du wars amfong di ganz wakanz zu gomera an bas just eng keier mam boot riwer op tenerife gefuer komm, wi ech den johny elo verstin?
Ech sin mam Fliiger op Teneriffa geland an vun do aus Faire op La Gomera, 2 Wochen do, Faire zreck, um Flughafen den Johny an Lydie begeint an zreck geflunn
mir schreiwen hei lanschteneen =D majo ech menge ganz dat maan ech des keier wierklech, wannch di foto do gesin.. waert dann och flaisseg do hannen knipsen
soou lo gin ech mech awer an d bett klaake, muss muer schorem um 9 aus de fiederen =/
man liest sich =P nuecht
Ganz schéin! Just den Horizont ass mer e bessen zevill an der Mëtt. Du kinnts och probéieren d'Fuerwen e bessen méi ze saturéieren, virun allem fir den Himmel.
Merci Charly, mam Horizont keinst de Recht hun. D'Faarwen satureiren wees ech net, ech hun d'Gefill, dass wanns de den Himmel do nach bessi mei satureiers, dass d'Faarwenvielfalt verluer geet, well deen hellsten Deel misst jo dann normalerweis mei grouss gin.
eng ganz schein foto! all respekt! et kennt mer vir wi wann ech dat bild do schon mi oft gesin hun...an mengem geos buch ass mengen ecch och su eng ähnlesch foto!
mee soss wieklesch eng wonnerschein foto!=D
(p.9)
Schéin foto!
Fir mol unzefenken, d'dest kéier gett et käng su eng wäitgräifend Analyse wi bei dénger aanerer Mierfoto, fällt mer lo ze schwéier mech ze konzentréieren
Ass emmer flott mat de beliichtungszäiten um Mier ze experimentéieren, misst ee mi oft kenne maan.
D'ass flott well se fir moovelzech ass an hannen geet se rem bessen an d'roudelzecht, ouni di schéine Goldroud reflectiounen fir un de steng ze vergiessen! D'wär schéin wann déi o na besse mi ze gesinn wären op deem Grousse steen an der mett. Hues du déi eigentlech gemaa oder wou komen déi hier? gesäit net äus wi wann d'Sonn do enner gaange wär...
Di silhouette vum Steng hannen am Bild gefällt mer och ganz gudd. An di kleng wolléck uewen get dem himmel genee waat e bräuch, méi wollécken géifen ooflenken, mee ouni wär et ze eidel. Jo, an d'Rumm ass och ganz flott gewielt
So, a wi wuar et mam steps? Bei Blend 22 hoffen ech dats de e properen chip haas
Als éicht mol merci vir dain awer nach zimmlech gründlechen Kommentar
Steps hun ech keen op der FOto wechgemaach suwait ech mech erenneren.
Fenns de deen roudschimmer op den Steng gudd? Et gett eng Rei Leit dei daat stéiert. Dei roud Luucht kennt iwregens vun den Stroossenluuchten déi do zimmlech no dobai stin, sou wei och bei der aanerer Foto hei direkt nierft deser
Ech muss mer virun der nächster Vakanz un d'Mier onbedengt en Grofilter kaafen, well och mol d'Sonn mat drop kreien mat längerer Beliichtung.