ouni deen décke Logo wär et vill besser!!!
ech hätt perséinlech ënnen a riets e bessi gekierzt, do gesäit een am däischtren sou eng Linn, déi stéiert,
en plus e renge wäisse Filet vun 2 Pixel rondëm gesaat
Dëst si just perséinlech Verbesserungsviirschléi, mee ech fannen d'Bild ganz flott
Ech huelen dain Virschléi un.
Ech gin auch zu dat d'Logo zuvill as ( erreur de jeunesse)
Ech sin awer net selwer e deck Fan vun biller mat e cadre ronderem.
2 Pixel ass jo kee Cader, just eng mini Rumm, fir dass d'Bild um Web op donklem Hannergrond eng kleng Wierkung kritt, dofir gëtt et Filet genannt an net Rumm
ech maachen et am Ps, et geet och mat elements, lightroom hunn ech net mee do geet et bestemmt och,
et geet een op Bild, dann Bildgrösse, d'Faarf op weiss an dann eben 2 eventuell 4 Pixel an der Héicht an an der Breed.
Mir kruten dëse Rootschlo am Fotoclub, a mir ginn ëmmer gutt vernannt wa mer Biller weisen wou mer et net gemaach hunn. Dëst ass awer just wichteg wann e Bild donkel ass an et gëtt op donklem Hannergrond gewisen, sollt et hell sinn ass jo souwisou schon eng gutt sichtbar Limit do.
Ech hoffen Du gëss elo eens, soss kanns Du jo ëmmer nach Froen wann et Schwieregkeete ginn
LG Michèle