Le dégoût de la banalité et du plagiat peut avoir une conséquence fâcheuse ; il risque de vous ôter le goût à vos propres idées, quand vous les voyez reprises et défendues par d'autres.
Henri-Frédéric Amiel
An villeicht e bessi " dérealistesch" (? ) waat erwenscht ass ... just nemmen d'Luut sollt d'Struktur zereck gin net schaerft an net textur...
Merci villomols Charel ...
Eng Wahnsinns-Linienfeierung hei... Ech keint geckech ginn wann ech dei Präzisoun gesinn,
ann dann ass den Häer Taddei och nach nöt mat sech zefridden.... :"et sinn fehleren drann... de Julius/Joel geif vun Schaam emfaalen... "
PG soll joo anscheinend eng Fotoschoul sinn,
Vue daat ech Iech joo bestemmt naischt kann hei erklären, musst Dier eis awer mol des Aussoo erklären...
Merci villmols..
Wann een mat esou vill kontrast schafft (black and White , an daat vum 10 bis 240 Wert am dégradé de gris) dann gesäit een all inperfektioun... dei kennen net verstoppt gin ewei an enger Urbex Foto oder ewei op enger Street foto (do sinn d'Imperfektiounen erlaabt an oft erwenscht)...
Wannste d'Colonne kucks, dann gesäist du en waissen Strech op sengem Bord... daat ass de greisste Fehler , dann ass den dégradé vum deiven Black am mei hellen gro (op de Colonnen) villeicht eng Grez ze haard... D'Compo ass villeicht ze komplex... d'Visuelle Gleichgewiit ass vielleicht e bessi gesteiert ...
Mé merci fir mech angelueden ze hun Selbskritisch ze sin... Mé des Foto sin 16 Stonnen voll Konzentratioun an baal eng Art meditativen zoukucken ewei d'Luut op der Originaler Foto faellt... fir dann am BW daat nees ze reproduzeiren ...
Dann ass et 5 min expo... an waar kaal ... fiicht ...
Den daag ass net de Problem majeure well daat esou schon op der Neutraler SW ass, mé d'Colonne (dei am mescheten riets ass ... do ass e weisse filet um bord, en Dreck am Himmel bei der lenker Spetzt vum Skyscraper ( ) ... An eben den dégradé op d colonnen deen villeicht ze haard ass... Dofir net perfekt...
Merci fannen dass du daat och super gesinn hues...
Erëm eng ganz flott LP!
Mir gefält hei de Géigesaz tëschend dem "haarde" Bürosgebei an der "mëller" Philharmonie op ( a Punkto Formen a Kontrast ). Dëst gëtt dem Bild vill Spannung!
Merci ... villmols...
Wannste e bessi duerch d'aentferten reest dann mierkste dass et net einfach daat alles eraus ze kreien, mé gin am Mai op Chicago... dann hun ech esouvill Motiver fir ze knippsen dass mein Sensor e Pankesch get
... Daat mecht mir plaiseier dass ech dech scheissen din mat enger Foto... ech waert meng Fotoen engr Apdikt proposeieren
Grouss Konscht ... maach mool lues... gei mool hai luussen
Ech sin emmer fir den Shooting op elo Archi oder Orchi ass dobai... Soubaal de blöden Schmorriwieder mool nees e bessi besser get (hun sérieux d'Flemm domaden) ...
Hallo,,, Merci villmols fir dese Komment ... an Fav
Am fong huet des foto dann och nn net vill mat Architektur ze dinn , eischter villeicht mat Linnen an Volumen
Soen jidderengem Merci d'Comments an D'Faven.
D'WF mecht emmer plaiseier mé et soll en net dobai stoen bleiwen well et ass en éhémèrt Gefill ... vun Fréd, Egoismus,Egozentrismus ... Waat am Fong am méschten Fréd mecht ass den Austausch vun Biller, Geschichten mé awer och vun Kultur, Wëssen, Ménungen ...
D'Kritiken, Dialektesch oder och net, hefftesch oder och net, amusanter oder och net etc etc , deet dese Site liewen ... Dofir ass et wichtesch sech bessi Méi ze gin ... an dass jidderen et verdengt Attentioun ze kreien, ...
Scheinen Daag an Woch
Jo et huet mir leed gedoen fir dei schein Makrofotoen... waat mussen dei Fotografen do eng Gedold hun ... Sorry dass ech e bessi pedantesch woar (machen et niiiiiiiiiiiie méi )
Merci fir D'Komplimenter ... Also ... des Art vun SW ass e bessi besonnesch ... et muss een vill détoureiren (also selektioneiren an all Selectiounssteck énzel verschaffen ...)
Et kascht Zait , an Gedold... Eng lues meditativ Musék (Iron Maiden passt net gudd dobai) an lass ... wann én Zait huet
Jo ... villmols merci... Sin op en neien Trip ... né vill Zäit kascht ... all Keiers 20-30 Stonnen gefummels ... Na ja d'Resultat ass nach net perfekt mé et waert jo enges Daages kommen