De Blëtz as "forceiert" gin, d.h. net op Automatesch gewierscht, mei net. Return Light detected hescht dat den Apparat de Blëtz erkannt an opgeholl huet souzesoen.
Compulsory Flash, Return light detected erklärt...ech sinn nach keen Frënd vum Blëtz an hat eigentlech TTL agestallt Gaga. An och deen Cs6 bréngt mech nach zum Wahnsinn. Hunn just probéier datt bescht draus ze maachen!!
Ech hunn däin Tipp dann och direkt graff probéiert. Vill Aarbecht hätt ech mer do gespuert.... Spotten um Plafong ewech Plafong gefleckt an an an...well Resultat op deng Manéier ass graff geschafft schonn ganz flott. Decken Merci fir däin Komentar Metalbambi muss mech nach eng kéier domat becheftegen.
Dass net esou dass ech dir dat net gleewen ...Ech sinn eben mat Mengen Fotoen Immens Kritesch sinn jo och nach Ufänger...Ech hunn dräi Deg drun geschafft an ëmmer erëm Poubelle an nei ugefangen. Spigelung hunn ech zum Schluss mat engem Filter nach reduzéiert. An do ass deen gewëssen Flair entstanen. An sinn selwer erstaunt dass di Foto esou gutt hei ukënnt. Merci nach eng kéier pho-taux....