Ech muss soen mir gefällt dei 3 hei och am beschten. Ass ganz flott an besonneg duerch spigellung gin. An den schwarz weiss gefällt mir hei och ganz gud
Ass jo awer flott deng serie iwer pilharmonie
Soen der Merci Natahlie, hunn dorunner den halwen Metten geschrauft, an war jo dann och net fir näischt. Nach en kéier Merci dass de se wollts gesinn soss hätt ech se net hei gewisen.
Eng aussergewéinlech Opnaam. Fir mech déi 3. : ganz flott do déi riet Linn ganz an Déift eran an déi mächteg vertsärkt get durch déi immens flott Spiegelung. Déi féiert nees zu engem aaneren, net direkt erfaassten Deel vum Bild, an sou zu enger pseudo Panoramafoto. Ganz flott och daat Gespills mat den Zwillingstiirm, fällt dirket net op dat et der elo 4 sinn. Genial.
Merci fir di Begeeschterunge di ech aus dengem Kommentar hei erausliesen kann.
Ass bestëmmt schonn oft esou oder ähnlech fotograféiert ginn. Wann en do laanscht geet dann kann en net anescht, do muss en op den Knäpchen drécken...2X Merci gesot...gemu.
Sinn frou dass de erëm schreifs. An et ass mär net dorëm gaangen dass de mär schreifs. Wouriwwer ech mech natierlech freën, mä dass dorëm gaangen dass de iwwerhaapt erëm schreifs... war mär schonn wichteg..... gutt gemengten Konstruktiv Kritiken sinn fir mech wichteg dass et 1000.. oder esouguer méi Meenungen ginn ass eben esou ,soss wär d'Liewen langweileg......
di zweet fir dech an fir mech nach ëmmer di dreet ass eben esou. Merci gesot.................micky-maus..
Eng ganz flott Serie wou den Bildopbau an Perspektiv ganz gutt passen. Gro téin an Beliichtung passen ganz gutt zesummen. Déi 3 ass och mäin Favorit an ass verdéngt an der Wochenofstëmmung..
Wollt di eegentlech net hei wéies. Well en jo eigentlech schonn alles op di eng oder aner Aart an Weis gesinn huet. An ech turnen nach zimlech Anungslose an der Interesséierter Fotografie ronderëmmer. Interesséierter soen ech, well Knipsen maachen och schonn eng Éiwegkeet. Drop halen Automatik astellen an dann ofdrécken, an der Vakanz .Hunn mär awer fir geholl dat ze änneren. (Seid dësem Joer ) An wann en weis du den Seid dem 10.10.2006 do bei ass mär seet ( ass verdéngt an der Wochenofstëmmung) dann mëscht datt mech schonn glécklech. Soen der op alle Fall en decken Merci dass de dech mat mengen Fotoen beschäftegt hues nebu. Ups 2x en decken Merci nebu.........
Hunn mär deng Galerie mol eng kéier ugekuckt, an esou vill sinn der do guer net dran. An awer eng Wochenfoto. 20120930 verstinn net fir wat do keen eppes seet. Stafelter 01,Vältesdag... sinn dach ganz gutt Fotoen....Du probéiers alles aus fannen ech ganz gutt. Méi... Fotograféiert am léifsten...sou wéit sinn ech nach net......steet an dengem Profil...No en sou vill Joeren misste sou lues en oder datt anert Thema fonnt hunn, an sech dann drop konzentréieren. Wéi gesot et sinn an deenen pur schonn ganz gudder dobäi..... no /- 500 Makroen weess ech schonn dass ech dobäi bleiwen wärt..an do ass nach net vill dobäi eraus komm nebu.
Dat ass jo schonn mol schéin dats du dech an menger Galerie ëmgekuckt has. Ech hunn der Natierlech nach méi ob mengem Computer awer ech well och net alles weisen. Ech denken dat soubal Useren ze fill mat Biller vun engem Bombardéiert ginn fält och automatesch Interesse een Kommentar an Form vun Konstruktiver Kritik ze ginn. An dono sichen ech halt fir eppes beizeleieren. Ech sinn och net der Meenung dat Just een Bild mat Kommentare een gutt Bild ass. Et ginn hei fill Biller bei Photogen déi gutt sinn wou ech awer selwer och keen Kommentar zu ginn well ech just begrenzt Zäit hunn (ass jo een Hobby) an net béi all Photo eppes schreiwen kann. Ech selwer frëen mech och iwwert als konstruktiv Kritik awer ech hunn awer een gesond Selbstvertrauen sou dat ech och zefridden sinn mam Bild 20120930 ouni dat een eppes geschriwwen hat (Et Gouf halt näischt auszesetzen an et war keen vun deenen typeschen ëmmer Klick Biller ).
Jo Thema ass an mengem Fall schwéier an ech well mech do och wierklech nach net festleeën. Ech mengen dat Photographie fir mech Interessanter bleift wann all Dieren ob bleiwen. Am Liewen muss een schonn dacks genuch sich ob eppes festleeën an dat well ech hei net. Ech kann awer festhalen dat Produktphotographie, Street, Natur an Makroen weit firun Portrait stinn.
Mexki Conley fir dat Kompliment. An du bass gären agelueden Konstruktiv Kommentare béi mengen Biller an Zukunft ze schreiwen. Ech mengen des Woch lueden ech nach eng Serie mat Spackelter erop.
Net Vill dobäi eraus komm? Wisou ass dach een ganz schéinen Makro hei (och een Beispill wou ech keen Kommentar geschriwwen hunn)