BINGO Schluck !!!
Wei cool ass daat dann? Ann Formatioun virrum Mound ann dann nach Knipps am Grapp
Sutz Du esou laang doo denn Mount unzekucken bis dei laanscht geflunn sinn?
Immens déi dooten. Flott Stemmung op alle Fall... Konturen vum Mound erkennt een och super an den Himmel ass net ausgebléecht...daat ass jo emmer e bessi den Risk bei esou Fotoen... Thumbs up !
Weesc de ... besser geet ëmmer, dat muss een sech ëmmer bewosst sinn wëll soss dreins de ob der Platz an du ëntweckels dech nët weider .. ech sinn permanent ob der Sich no neien motiven, perspektiven, usw
Merci Jean-Paul ... woar zimmlech knapp ginn mat der Zäit .. huet ee bëssen gedauert bis déi eischt aus der richteger Richtun komm sinn an durno stoung den Mount schon baal ze héich
Ech muss zouginn dass déi Wochenfoto héi ganz wichteg fir mech woar .. an engem Moment, wou ech kuerz virdrun woar der Community héi den Réck ze dréinen. Dofir soen ech ierch alleguerten een décken MERCI!
Le Pays du Lac du Der est équipé de
6 bornes de services pour les camping-cars
Autour du Lac (10 km environ entre chaque borne)
1. Station Nautique de Giffaumont Champaubert
2. Site de Chantecoq (route dé. 13)
3. Site de Nuisement (accès par Arrigny)
4. Sapignicourt ( proche RN4)
Sur la Route des Eglises
5. Chavanges (Centre de Secours - route de Brienne)
6. Montier en Der (derrière le bâtiment de l%u2019Office de Tourisme)
t
1 jeton = 8 minutes d%u2019eau = ¾
ech stoung 2 Deeg op Nr 2, ass näischt do, mä du bass direkt beim Séi
Jo, do woar ech och um "Site de Chantecoq" .. mais dat ass alles nach immens wéit, ech huelen un dass wéi mir komm sinn se all schon fort woaren an Owes déi néi unkomm sinn. Ech woar och hannen bei 'dWéiheren den Tour mam Mupp trëpelen an den woar och ganz flott. Ech hunn lo mol eng Adresse fir ee Gite an een Camping wou ech mer am Gang sinn ze iwwerleeen .. Wat méi problematech ass, ass fir den Péitruss ze bestierchen am fir den richtegen Dag Congé ze kreien.
Jo, dat ass den Weekend wou och d'Expoën sinn .. den Jean-Paul hat mer dat och gesoot, an ët kann sinn dass ech mech do och unschléissen an een Dag dohinn fueren. Ech sinn lo nach am Gang een Dag dotëschent ze sichen fir mat engem Kolleg ze fueren den Schichten schafft. Ech mengen en Nouecht do schloffen dat machen ech erréicht am Fréijoer
wann se am Februar/März erëmkommen kanns de um "Lac du Der" "Ferme aux Grues" 4 Hütten fir een Dag lounen (65,-€). Do gëtt Fudder vun de Baueren (ginn dofir bezuelt) op de Felder verdeelt, bis virun d'Hütten, an da kanns de mam Wäitwénkel Fotoen maachen .
den Hoken dobäi ass, du muss moies wann et däischter ass dohinner goen an du kanns eréischt owes wann et däischter ass erëm erauskommen.
Ouch .. dat wëll heschen en Pissfläsch brauchs de och nach ... nee dann woarden ech léiwwer bis se mer ob eng natiirlech Art an Wéis een virun d'Lëns kënnt
Lo hät ech haut de Mëteg eng àhnléch Foto wi des kënne maachen, well d'Hoergänse sin haut de Mëtteg géint 3 Auer iwwert eist Haus wech gezunn an de Mound stung am Südosten. Leider hun ech d'Kranicher réischt gesi, wéi se schon e puer Kilometer wäit weider no Nordoste gezu waren.