Excellent. Ech hätt et perséinlech ëmgedréint gemeet. Hunn sou d'Gefill dass duerch d'Spiggelung och d'Zäit kéint duergestallt ginn. Awer dat ass meng perséinlech Usiicht déi näischt un dëser excellenter Kompositioun ännert. (Ganz interessant Serie am groussen Ganzen)
Edit: Quatsch! Et ass jo een Bild... ech huelen dat zeréck ma Spigel...
Merci fir däi Kommentar heizou, an och fir de Fav ! Daat freet mech eppes vun dir ze liesen...
Daat mam Emgedréint ass nët esou falsch, och wann et kee Spiggel ass, allerdéngs géif dann den Titel manner gudd passen, deen ech am Kapp haat fir bei déi hei Foto.
An déi verblidde Blum verneigst séch bescheide virun där, di nach an der voller Bléi steet, ....an awer ass et di schéin, di gefaangen ass. Huet dat eppes ze bedeiten?
majo, daat huet eppes ze bedeiten ...
déi an der Rumm festgehaalen ass schéin an figéiert (an hierem Liewenswee) an déi verblidde Blum huet zwar Faalen an ass ganz vill midd, mee dofir huet sie awer och kënnen vill (weider) er-Liewen
gutt gesin Nico
comme quoi galileo, deng foto ass grousse Kino, wéi een aaneren (och groussen) Fotograf soen géif