Ech hun mech e bessen mat Champes an den Glieser amuseiert. Konnt mech awer net richteg entscheeden wei et besser ass. Hun eng liicht Préférence fir dei scharf Fläsch....!
Super Idee. Alles um Bildopbau fannen ech super awer ech mengen den bloen Hannergrond stéiert mech e bëssi. Ech kommen villäicht nach drop ob et dat wierklech ass, awer ech denken dass dat mech stéiert well d'Fläsch schon blo ass. Een gielen Hannergrond wier villäicht besser gewiescht (menger Meenung no).
Edit: Ech fannen d'Fläsch och besser schaarf...
Ech geif jo soen ech maachen Foto seier nach eng keier mat gielem Hannergrond...., mee ech hun leider keen gielen
Wei ech grad gemierkt hun steet Fläsch och een Tick zevill no rieds...., mengs te daat wier mir vierdrun obgefall... Kann et daat sin waat dech steiert....?
Nee... sou pingelesch sin ech awer net. Blo mat Giel als Komplementarfaarwen gierf menger Meenung no een gudden Effekt bréngen (ouni Garantie... just eng Idee).
Jo, béid Fotoen gefalen mir besser. Beim gielen Hannergrond hues du just elo een klengen Gielstach op der Fläsch duerch d'Liichtreflexioun. Villäicht kanns du dat ausbesseren. Wann net, dann gefält mir déi wäiss Versioun am beschten.
Flott gemaach Laurent. Ech fannen déi mat der scharfer Fläsch och besser. Wier wéinst der bloer Fläsch vlaicht interessant mat enger anerer Farw Hannergrond gewiescht, nee, waat mengs du? ech weess awer och lo nët direkt waat fir eng Farw ech geholl hätt vlaicht méi eng daischter, fir ët méi dramatesch ze maachen oder fir doduerch och eventuell d'Beliichtung méi ze ënnerstreichen... mee ass eng affaire de goût. Hun daat och nach nie probéiert, ass sou eng Idi Bei der Foto mat der onscharfer Fläsch, huet do nach dein 2. Blëtz lénks ausgeléist? D'Beliichtung ass bei deenen 2 anescht. Am Verglach géif een soen dass bei der anerer just 1 ausgeléist hätt, oder hues du just d'Astellung geännert?
Effektive, uewen beim Stop ass se net zelwegt.
Ma ech hun mat den Bletzer iwwert den Plafong indirekt beliicht fir keng Reflektiounen an den Glieser ze hun an dann hun ech eppes iwwert Fläsch an Glieser gehaal fir daß keng Reflektiounen vum Plafong dran sollen kommen.
Daat muß ech bei der 2ter relativ ongenau gemaat hun.
Ech probeieren fir dech nach een donkelen hannergrond, an fir den Shantideva een waissen...
jo, mat där indirekter Beliichtung haat ech mir schon baal geduecht (well d'Reflexioun sou schwaach ass), hmm, do ass dach nach eppes am Spill, merci fir d'Erklärung
Sin dann mol gespaant
Wéi schon gesot ass den Hg net ganz glécklech gewielt.
Mier gefält di onschäerf Fläsch besser, mee d'geet mer nach net weit genuch. Menger Meenung no wier et besser wann déi nach vill méi an der Onschäerft géif leien.
Net sou wëll, géif ech a kaf huelen. Wann et dech wierklech stéiert muss de méi kleng Glieser oder eng méi grouss Fläsch huelen an den Ofstand tëscht Glieser an Fläsch vergréisseren.
Dorunner hat ech net geduercht fir Fläsch mei no hannen ze versetzen, eng Magnum dei 30cm mei weit no hannen steet keinnt ob dei selwegt Greißt kommen...., merci fir den Tipp..!
fannen, wei scho gesoot, eng ganz flott iddi.
mam Hannergronn hun ech och su meng problemer, well beim weissen gin kontouren vun de glieser verluer an giel an blo gefaalen mer net, mee daat ass perseinlech.
wei wär et mat engem schwaarzen hannergronn an eng indirekt beliitung vun hannen op fläsch fier dass dei kontueren mam schwaarzen hannergronn net verluer gin? bezihungsweis eng direkt beliitung op den schwaarzen hannergronn hannert der fläsch.
giff dann och probeiren glieser oder fläsch schaarf ze maan .
mengen daat wär och nach eng iddi, oder?
cheers
mike
EDIT:
hu rem net alles gelies... hun sou zimmlech daat gemengt waat den alex geschriww huet...
ass et mein schiirm op der aarbecht, oder sin schampesglieser e bessli dreiw (oder ass daat den effekt wann der souvill hanereneen stin)?
Glieser stin ob engem Tabletop Desch, Fläsch natierlech och , dofir ass vun hannen beliichten relativ schweier emsetzen. Ausser esou wei bMam waissen Hannnergrand daß een Bletz direkt hannert der Fläsch leit...., mee daat brengt just dem Blotoun vun der Fläsch eppes, net awer den Kontouren.
An indirekt beliicht ass et och hei. Ech fueren iwwert den Plafong wou ech dann awer een Reflektor iwwert Glieser haalen daß Luut dei vum Plafong zereck kennt keng Reflexiounen an den Glieser hannerleist.....
Ech probeieren och nach mat engem donkelen Hannergrond......
Glieser sin x mol gespullt, mee et ass durch aus meiglech daß der vill Hannerteneen een androck vun Dreiw hannerloosen....