Aha, waat gesin ech dann hei? f16 bei enger 30/Sekonn...?
Ass dat elo duerch mëch provozéiert gin ?
(Hi Hi, ech hun zwar iwwerhaapt keng Komplexer, géing ech an aller Bescheedenheet soen, Buahaha).
P.S.: Gutt ëmsetzung vun enger Iddi - mä dat do géif mir ze deier a Saachen Hardware-Kaaf: 5 Computermeis, "oh, la la, combien ca coute?".
Pff, wat en Ego Den Ënnerscheed zum Blëtz as net d'Zäit während deer den Shutter op as, mee d'Zäit während der och eng Luucht do as. Stell der fir den Blëtz géif 30 Sekonnen laang liichten
Vläit hätt ech sollen 60" soen, et sin en Fait 2 Fotoen vun 30" déi ech zesummen gesat hun. Ech hun déi eng Halschent beliicht, dun déi aner, a mat 30 Sekonnen hätt ech net genuch Zäit gehat.
An jo, déi Mais gin bis op eng mol net méi! Dat as alles wat sech bei eis säit 1995 ugesammelt huet
"Wanns d'eppes kanns?!" (Oder eben ee kenns deen eppes kann...). Ass och nët esou wichteg. - Wéi ëmmer schwätze mir zwee do déi selwecht Sprooch, mir drëcken eis jhust anescht aus: Ech waarden 30" ob de Blëtz, deen selwer nëmmen ± 1/100.000 sec. dauert wäerenddeems Du mat dénger Lut d'Schwänz vun deene Mais beliits, wat och ± 30" braucht... Betr. d'Blend huet mer de Johnny geschriwwen, dat wier eppes mat méi oder manner Qualitéit - deen een hält drop, deen aneren eben nët ! P.S.: schéin (U)Sammlung vu Mais.
Painting with light ass eng flott technik, wolt och eng keier ausprobeieren (war eng reportage um pro 7 wou een blummen molt am besch, wirklech schein), deen hei idee ass interessant emgesaat gin an suergt fir eng zweeten bleck hei ennert deen neist fotoen