Wou ech lo den numm gelies hun vun denger foto, haett ech direkt gegleewt et wir eng mode foto vum (Yves)- Saint Laurent... eng geniel foto... extreem gudd verschafft... top...
Eng gudd foto zenter laangem hai op PG an mengn aaen...
Hmmmmm ass schweier ze erklären wei ech dei veraarbecht hun. Ech schaffen am PS emmer zimmlech spontan well ech vill ze leieren hun probeieren ech villes aus. Mee greng hun ech komplett eraus geholl an an giel an orange vill erof gesat. Den Rescht wees ech leider och net mei alles.
hun na enka een Bleck an deng Gallerie geworf an....et as nik dei EISCHT wu mech ierzeescht hott!! hun also do Vertrauen fir dZukunft... :p
dir o+rock on...Keup! THX
oh boaaaaaaah ... wéi geposed ...
kuckt deenen hier Gesiichter, eent méi schéin wéi daat aanert, also vun den Ausdréck hier )
den Cadrage AN d'Perspektive (!!) ... an dann natierlech déi Faarwbearbechtung
an dann hier Sabot'en , déi viicht, baal all an der Luucht ... ech mengen du hues genau déi richteg 100stel Sekonn getraff
wierklech erstaunlech gutt, gutt, gutt (den erstaunlech ass nët negativ, ne)
klicken ass nach besser
Edit:
ech kommen nach eng Kéier zeréck ...
an dann den "muchacho" oder deen Gringo, oder wéi och ëmmer déi heeschen, deen Tom-Cruise-like do, also deen am flottsten vun der Band genau an der Mëtt, oder baal, als "Leader" ...
tjooo einfach Top ... ech mengen wierklech ... eng Sekonn méi spéit an ët wier nët méi daat selwescht
Majo dei Jongen an Meedercher (selten) heeschen Gardian. Desen Transport vun den Steieren an d´Arena heescht Abrivado. D´Steieren geseit een leider net. (Just Patten) Hun zwar na eng Photo vun hannen wou een se geseit mee dei ass net sou gudd.
Eng Sikonn mei speit an se waren laanscht oder ech iwwerannt
Du has den eischten Kommentar geschriwwen deen ech hei je krut an elo och na deen längsten. Merci Jade
Onheeeemlech, daat erennert mech IMMENS un sou en Bild, waat mer an der Konschtgeschicht duerchgeholl hun, resp. eng Konschtrichtung... o.O : super Moment festgehaal, an wirklech GéNIAL Veraarbeschtung.... o.O ech sin baff... an daat ass daat génialt un deser Säit: et fennt een des öfteren sou Konschtwierker wei daat dooten! Dre Daumen Hoch für Keup =D =D =D
Ooh Geld verdengen wees ech zwar net. Mee schein ze heieren ass et awer.
Sou weit hun ech am Fong net geduet. Ech wollt nemmen eenmol hei eng Topfoto hun mee daat ass jo net mei meiglech. Villeicht haett dei hei et jo duerch d´Jury gepackt
virun ë puer Déeg huet e Buddie vu mir eng eigentlech ganz normal Foto vum - Mont St. Michel - ofkaaft krit, an Zukunft ze gesinn op enger DVD - la France, vu du ciel - !
Preis = 150 Öro , pas mal, oder ?
Ahh jo sorry, mä sin mei am Preiseland doheem ... Huet wuel schon ofgefierwt. Hei wir daat wuel Urlaub mein franz. ass zimlech agerascht ... Also Verkanz = Vakanz
Also an mengen Aan ass dat heiten eng vun dengen beschten Fotoen. Dynamik vum Reiden kennt esou richteg erwier, an du mengs all Geblak elo fueren dei iwert dech. Doduerch dass du den Hannergrond entfierwt hues gin d'Reider vil mei plastesch (flott). Leider ass der an der Mött e klenge Fehler passeiert (den Zuschauer teschent den zwe Reider hätt och kinnten entfierwt gin) Dat steiert awer nött zevill, wann en ett nött wees. D'Hellegketskorrekturen un den Reider hiere Käp sin fier mein gout villaicht e bessi ze hell, mais e wei gesout alles eng affaire de gout.
Gudd gekuckt mOnsterbUg, deen an der Mett teschent den Reider war mir wierklech net opgefall an elo steiert mech och. Majo dei Saach mat den hellen Gesiichter ass villeicht eng Saach vun Bildschiirmanstellung oder Gout well mir fällt elo direkt neicht do op.
Merci Jean-Jos. Du hues awer en gudden Bleck an Verhalt daess de gesin hues daess et meng ass. War iwwerascht daess se dran gesat hun an och na sou grouss. Just den Numm hun se falsch geschriwwen. Egal
schléisse mech un, hu richteg Loscht meng nei ze iwerschaffen, mä un dat Resultat do wäert ech net kommen,esou eng Opnam ass wierklech net einfach, well déi donneren an e puer Sekonnen laanscht, an d'leit sprangen och nach virun en,
just eng kleng fro ween ass do zwëschen dem mam rouden Hiem, en Zuschauer oder e Reider? Saintes- maries de la mer
Majo hun na puer sou Photoen vun deem Daag. Also fir se gudd ze huelen sin ech net an d Gewulls bei d Leit gaang mee op eng Course Camarguaise an engem Mini-Duerf (Saint-Laurent d´Aigouze) Do kennen ech mech saugudd aus an Touristen sin dann ausser mir net vill do. Ech stoung an enger Keier an se sin hun ganz kuerz virun mier ofgebeit.
Ausser bessen Angscht daess se net gebremmst kreien hat ech keen Hinderniss. Zu Saintes Maries de la Mer ass dest mengen ech onmeigelech duerch dei vill Leit.