Also ech hun Nee ugekräizt . Wësst der dass se do bessen hannerhältech waren? Den Ziedel war jo riesen grouss, mat dann 2 Casen. jo stung riets an Nee lénks. jiddreen dem et egal war, den einfach just wollt eppes ukräizen, den huet Jo ugekräizt well wuel déi allermeescht Rietshänner sin. Wu ech daat gesoot kruut hun ech geduet, freck, daat ass guer nët su falsch.
Gefällt mer och gudd zu ménge politeschen usiichten äusseren ech mech awer lo net, mee daat waat de Johny gesoot huet ass awa ganz intressant ze wessen! Waat mess du em des auerzäit nach um Computer?
Lol Johny, also näischt géint dech, mee daat ass absolut lächerlech waats de do sees...
1. bezweiflen ech dass en Rietshänner éischter Tendenz huet riets ze "schreiwen" bzw. "unzekräizen", nemmen well daat am noosten bei sénger Hand läit... Also et gett jo liddereg Leit, mee dass een sou liddereg ass, fier seng Hand bewosst op der rietser Säit unkräizen ze loossen, ass zimlech onwahrscheinlech...
2. firwaat sollt een, deem et egal ass, eischter jo ukräizen wéi nee? Wann ech sou d'Leit schwätzen héieren hun, dann kräizen se suguer nach éischter nee hun well se net wessen waat an der Constitutioun steet...
Sorry mee fier mech kléngt däin Kommentar bessen sou à la "Peh mir vun verluer an nemmen well den Ziedel falsch war..."
Ass wi gesoot näischt geint dech an deng politesch Usiichten, mee sou kennt et fir mech zumindest riwer...
Komeshc just dass d'Leit mer hei Recht gin just du nët . Natirlech mëcht een daat onbewosst, et ass net sou dass een denkt "oh kräizen ech mol jo un well et mei noo ass", mee einfach nemmen eppes wei e reflex, waat eigentlech ganz normal ass.
Zur Foto:
ass wirklech net schlecht den Titel an d'Bild passen perfekt.
@Johny:
fannen dein Kommentar éierlech gesoot och liicht onpassend....an ech gin dem redrum Recht.
Besonneg däin 2. Kommentar (Komeshc just dass d'Leit mer hei Recht gin just du nët ) fannen ech ziemlech na ja....
Et hun garanteiert keng 56% fier Jo gestemmt, just well se ze faul waren...
En groussen Merci och un ierch 3.
Wollt awer na vu mir perséinlech en klengen Kommentar schreiwen: Ech fannen d'Foto selwer usech net sou gudd, mee wéi der schon viller gemengt hun, dass se éichter duerch den Numm gudd gett.
Meng Fro: Fannt der Foto och gudd?
alzen also et ass awer scho lusch wann vill Leit soen 'jo do hues de nawell recht', an da kennt een an stellt daat ganzt als lächerlech duer, fannen ech bessen iwerdriwen an feel op der Plaatz. dass een selwer daat net sou mengt dass daat kinnt eng roll spillen kann een normal äusdrécken an nët sou wéiwann daat eng kappkrank Idee war.
Ech soot och nie dass dei 56% nemmen dofir jo sooten, mee Leit dei sou saachen soen sin sech der Situatioun net bewosst.
D'Foto selwer ass technësch ganz gudd menger Meenung noo, näicht äuszesetzen, vum Motiv hier ass Affaire de gout, mee mir gefällt op jiddefall déi staark bloo Faarf eben an dem ganzen.