Neenee, daat heiten ass den 75-300 + 2x Converter + 1,5x Converter, dh theoretech 900mm.. (ouni lo Digital ze rechnen) wourenner Qualitéit awer staark ze leiden huet.
Majo hues recht, hun puer mol Fotoen gema, well en oft zefill geréckelt war.. Bei deser ass et awer iergentwéi gaangen. Fro mec net wisou Mee d'Donnéen sin schon richteg. Et kennt och drop un wéi héich den Mound steet, dann beweegt en sech manner schnell vun der Erd aus gesin, well en méi wait wech ass an also méi laang brauch fir vun hei aus gesin dei selwecht Streck hinzeleen. Hei stung en baal um héichsten Punkt géif ech soen. Duerch déi 2 Converter geet nach Luucht verluer. An den Mound war effektiv ganz bessi verwackelt nach, mee duerch Klengmaan an Noschärfen ass daat praktech ganz verschwonn.
Als idee fann ch daat doten net schlecht...mee iegentwei fannen ech se ze einfach...ok mat den converteren war bestemmt schein vill arbescht mee fannen se einfach bessen einfach
Bon, gin der Recht, ass flaicht ze einfach. Mee so mer mol waats de do méi intressant kanns maan? Den Mound ass keen Modelm wous de kanns den Hannergrond enneren oder sou
Zu Dreiveierels den Mound, dann op dem engen Rand wou den Mound ronn ass nemmen en besse Plaatz an de recht fräi Plaatz op däer aanerer Säit. Ennen an Uewen haett ech och net esou vill Plaatz geloss.
Ech fannen et keint een d'Foto och besser "liesen", d.h. maein Bleck feiert mech eichter vun lenks no riets, wann se also horizontal gespiggelt wier.
Also ech hun lo mol probéiert et sou emzesetzen wéis de soos:
Daat mam méi enk kadréieren huet sech als net schlecht rausgestalt, mee hun awer léiwer bessi méi Plaatz, ass wuel geschmackssaach.
Mam horizontal flippen hun ech och probéiert an daat gefällt mer guer net, well den Mound spiggelverkéiert ass, an ech wees net, ech kucken den Mound zwar net oft, mee et ass awer am Gehier ageprägt wéi en ausgesait mat den Krater an sou, an wann et emgedréint ass stéiert et mech iergentwéi.
Trotzdem merci vir dain Kommentar