Si ech mätsch? Oder as dat dote wiirkléch ee Vexéierbild mat enger optescher Täuschung an der guer net sou eideler Mëtt. Ech gesin do een Hutt eng Stir an een Ouer, oder villäicht esouguer d'Konture vun engem Gesiicht. Oder ech hun ze vill Fantasie... Nee, nee, ech fëmmen net an ech hun geschter Owend och keen Allloohoolll gedronk...
Also ouni de Kommentar wir ech guer nët op Fëmmen komm. Den Damp ass schlecht ze erkennen. Wéi wir et wanns de géift di zwee mi no beieneen réckelen an den blôen (!) Damp em si erem wier?
Majo, Charly, et ass guer keen Damp do, vu dat mer jo dobaussen sin (Street)... hun di Informatioun jhust dobäi gin fir d'Interpretatioun mi breet ze fächeren. Ech réckelen lo awer näischt wat menger Meenung no net ze réckelen ass