Déi 2 éischt sinn einfach nëmmen gäil, déi aner 3 gefalen mer net sou.
Déi 3t ass mer en bëssen eidel, zumools am verglach zu den 2 éischten.
Déi 2 läscht gesinn méi aus wéi wann et schief gaang wier, weess awer lo selwer och net richteg wisou oder wat ech anescht gemaach hätt. Menger Meenung no eegnen sech sou Detailer net sou als Motiv, do ass net méi genuch ze kucken. 't ass iergendwéi méi sou en rouden Faarffleck op engem ze uniformen Hg.
Mee lo genuch gemeckert, schliisslech géif ech mer déi 2 éischt direkt an d'Stuff hänken (...wann ech bis eng hunn...)!
D'Iddi fir mat enger Laangzäitbeliichtung d'Beweegung vun de Blummen am Wand festzehale fannen ech immens flott!
An der Onrou hëlleft et awer, wann een en Ankerpunkt fir d'A ( Bam, Himmel, eng schaarf Blumm ) fënnt.
Dofir fannen ech di dräi éischt ganz gelongen, di zwou läscht si mir ze onroueg.
Merci un iech all fir är detailléiert Meenungen ! Ech war mir bei dene läschten 2 och nët esou sécher-elo weess ech op t'mannst datt ech nët eleng mat der Meenung sin