Ech profitéieren vun deser Foto fir eng wichteg Fro lasszegin ; wann ech eng Foto hei eroplueden mierken ech leider, dass d'Faarwen verstallt sin. Dei "kleng" Foto wierkt dann vill méi trüb, manner lieweg an de Faarwen. Fir se sou ze gesin wéi ech se ofgespäcihert hun, muss een dann drop klicken, dann gesin ech se rem original. As dest normal oder wéi kann ech dee Problem an de Grëff kréien ?
einfach t'Foto selwer op 800pxl längt schneiden, dann änenrt den Crop-Tool vun Photogen en net mei.
Oder weinstens an engem Multiplicateur vun 400 bleiwen. 800 - 1200 - 1600 etc ...(dei längst Seit vun der Foto)
Hat de Problem och, bis mäi Schierm ordentlech kalibréiert war. Mäi Schierm huet méi sat Faarwe gewisse, wéi se um Bild waren. Doru kéint et och leien.
Et huet wéi gesoot näischt mat der Opléisung ze doen, mee mat dem Farwprofil.
An ech wees net waat een kann änneren well et ass jo gutt wann een drop klickt.
D'Foto as effektiv mat engem ICC Profil ofgespaichert gin an soumat et als sRGB. sRGB war awer schon richteg agestallt. Ech hun trotzdem nach net erausfonnt, wei ech dee Problem léise kann Soubal ech se neemlech ouni den ICC Profil ofspäicheren geschitt dat Selwecht wei hei, d'Foto verléiert eng ganz Partie vun hirer Liewegkeet, vun de Faarwen an der Präsenz...
Dat huet an dësem Fall näischt mat der Gréisst vun der Foto, mee mam Faarfraum ze dinn. Browseren an 'normal' Programmer schaffen meeschtens am sRGB, während uerdentlech Fotosoftware am ProPhotoRGB oder AdobeRGB schaffen (méi Faarwen). Wat ech interessant fannen ass dat den ProPhoto richteg ugewissen gëtt wann een ob d'Foto klickt, dat wousst ech bis lo net.
Vir dat ze änneren bei Ps einfach 'Alt E' an dan 'V' do kanns de dann kucken an wéi engem Faarfraum d'Foto ass (ProPhoto hei) an se an egal wéi een convertéieren.
Déi meescht Ecranen kënnen mol net usatzweis sRGB duerstellen, just déi professionell sinn do gutt genuch. Och beim Drécken wäerts de keen Ënnerscheed gesinn an den meeschten Fäll. Et huet eben den Virdeel dats de beim Verschaffen méi Ressourcen hues, dat heescht kriss manner séier sou Saachen wéi Banding etc. an Faarfgradienten dran. Ass u sech d'selwecht wéi 8 bit vs. 16 bit vir d'Hellegkeet. Ech hunn eng eenzeg Foto wou ech den Ënnerscheed däitlech gesinn, an dat ass déi hei: Click. Do ass den grëngen Gradient am Adobe/ProPhoto däitlech méi propper an intensiv wéi am sRGB.
Super Opnahm.
Ech hun eng Sach dei mer net gefällt : t'Quell vun der Dampseil ennen lenks hätt ech mat an t'Bild geholl. Sou as et ememr blöd wann epes an t'Bild kennt an et wees een net vun wou et kennt.
Ech gin aerch 2 vollkommen Recht. Wann ech d'Foto lo sou kucken hätt ech wierklech keinten dorop oppassen iergendwei war ech zevill drop fixeiert d'Wieder drop ze kreien an hun dobai deen Detail op der Sait geloos. Alt rem baigeleiert )