Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Artikelen - bäi behalen oder net? |
|
Et gëtt net vill Gebrauch vum Artikel-modul gemaach, et war am fong geduecht fir dass Leit hier Erfahrungen mat Material an Software kënnen publizéieren an deelen. Wann et awer net genuch gebraucht gëtt, ass et besset et erëm erof ze huelen, an dofir wëll ech lo just kuerz wëssen wat dir all dovun denkt. (An w.e.g. realistesch sinn, net denken "iergendwann gëtt et vlait nëtzlech"
)
__________________ 404 - Not found
|
|
20.09.2009 17:44 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
RE: Artikelen - bäi behalen oder net? |
|
Also menger meenung no wor idee net schlecht, mee ech denken dass daat an der praxis eichter schwiereg ass! An sou Rezessiounen, Tester an Tips an tricks zu programmer, etc fennt een och genuch am internet! Menger Meenung no ass daat also net onbedengt noutwenneg bai ze behaalen!
|
|
20.09.2009 18:21 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Vläit kann een dat als Forum-Kategorie ëmfonktionéieren? U sech huet ee jo dann keng Funktionalitéit verluer, et kann een einfach dono sichen an aner Leit kënnen a gewinnter Weis drop réagéieren.
__________________ www.gloda.net
|
|
20.09.2009 18:34 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Dach et hätt u Fonktionalitéit verluer well wann een selwer e Kommentar schreift, kann een direkt uginn wat gutt ass, wat net (an spezielle Felder(, dei ginn och extra duergestalt, an et kann een wielen ob een et weider emfpeelt oder net, an do gesait een dann och herno weivill leit et am ganzen weider empfeelen. natirlech gesait een dat nach guer net well reischt 1 artikel geschriwwen ass an kee kommentar...
Wann naischt spezielles dobai gewiecht wir, hätte mer eis secher net midd gemaach en extrat Modul dofir ze bauen an hätten et direkt an de Forum gesat.
__________________ 404 - Not found
|
|
20.09.2009 18:37 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
An deem Fall géif ech et bäibehalen, puer Artikelen kommen do bestëmmt nach.
__________________ www.gloda.net
|
|
21.09.2009 09:16 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
ech hun nie richteg verstaanen em waat et do geht ... lol, gut et elo mol gewuer ze gin !
filleicht schreiwen ech emol en Artikel iwer Champs&Poésie's* Luuchten !!!
*Champs & Poésies = Innerstaatlechen Begreff fier Ponts & Chaussées !
|
|
21.09.2009 09:55 |
|
|
Kilroy1313
Mitglied
Dabei seit: 19.10.2009
Beiträge: 29
|
|
Ech sin emol derfier, dës Rubrik bäizebehalen, och wa méin éischten Artikel e liichten Oofschëppert gin ass. - Ech hun deen elo an de Forum gerëckelt ënner Off-Topic.
Ech muss da wuel nach eng Kéier driwwer schlofen, wat een do kéint als Artikel schreiwen...
|
|
08.12.2009 23:11 |
|
|
|