Thema: Fotoapperat stellt nemi scharf |
Charly
Antworten: |
8 |
Hits: |
37.493 |
|
|
Villäicht domm Froen, mee just fir alles ze checken:
- Test mat Stativ an kuerzer Beliichtungszäit (dass et net verwackelt)?
- Test mat verschidden Objektiver?
- Wann manuell scharf gestallt, as d'Photo dann scharf? Wann nët, ass d'Dioptrien-Anstellung vum Sucher ev. donierwt?
- As den AF op Fokus-Prioritéit, d.h. léist d'Kamera nëmmen aus wann se denkt se huet scharf gestallt?
|
|
Thema: Datesëcherung ? |
Charly
Antworten: |
13 |
Hits: |
37.115 |
|
|
05.09.2013 11:31 |
Forum: Misc |
Hues scho Recht domat. Wollt just eben soën dass een un all Méiglechkeeten denken sollt an dann muss een selwer entscheeden wéivill Risiko een angoën wëllt, bzw waat engem d'Sëcherheet wert as. Do as jo schliesslech och en Käschtenfaktor ze berà cksichtigen.
|
|
Thema: Datesëcherung ? |
Charly
Antworten: |
13 |
Hits: |
37.115 |
|
|
05.09.2013 08:11 |
Forum: Misc |
Dem Houll-art seng Ausso "Ech muss soen dass ech iwer 20 Joer mat PC an Daten schaffen an nach nie e probleem haat dass eng Hardware futti gaangen ass bzw Daten verluer hun " as fir mech wéi "ech sin 20 Joër laang bei roud iwert d'Stroos gaang an et as nie eppes geschit ...". Ech gin trotzdem nët bei roud eriwer.
Ech haat schon e puer mol Disken futti. An daat mam online backup oder Disken ausserhalb vum Haus as fir den Fall wou z.B. Feier, Blëtzschlag oder Anbriecher d'Ursach fir den Verloscht sin.Dofir verstinn ech och nët déi di zwar en regelméissegen Backup op en USB disk oder en NAS machen, deen awer ëmmer un as an um selwechten Stroumnetz hänkt wéi den PC ... An, jo, mir haaten am Betrieb schon öfter Saachen déi futti gaang sin duerch Stroumausfäll (genauer gesoot wann den Stroum nees erëm komm as).
Wéi gesoot, ech sin beruflech an deser Sach virbelaascht, mee, leider, aus Erfahrung.
|
|
Thema: Datesëcherung ? |
Charly
Antworten: |
13 |
Hits: |
37.115 |
|
|
Eng Info viraus: ech sin Informatiker an e.a. responsabel fir Backupen bei eis ...
Also, meng Photoen hun ech um internen disk vum PC, eng synchron Kopi op engem (encryptéirten) klengen USB disk fir ze reesen, en richtegen Backup mat history; full, incremental, ... op zwee aaner USB Disken, een dovunner geet ëmmer ausser Haus (mat op d'Aarbecht) an schliesslech och nach en online backup (och daat as alles encryptéiert).
Ech hun zwou Späicherkaarten an der Kamera (je 16GB) plus zwou an der Reserv. D'Kamera as konfiguréiert dass d'Biller parallel op di zwou Kaarten geschriwen gin. Wann d'Kaarten 1 & 2 voll sin, bzw no engem Shooting, kommen d'Kaarten 3 & 4 an d'Kamera an gin do formatéiert während 1 oder 2 (et as jo daat selwecht op béiden drop) op den PC kopéiert get. Duerno geet et dann ëmgedréint, an esou weider.
Wann ech reesen, dann gin d'Biller vun den Kaarten parallel op den Disk vum Laptop an den externen Disk geschriwen. An ech hun en zweeten Laptop dobäi. Zweet Kamera. Zwee Netzdeeler fir Laptop. Zwee Chargeuren fir Kamera-Akkus, zwee vun all Sort USB-Kabel, ...
Ok, sin villäicht e bëssen paranoid, mee ech wees waat alles futti goën kann
|
|
Thema: Versecherung fier Fotokamera |
Charly
Antworten: |
11 |
Hits: |
36.297 |
|
|
Zitat: |
Original von Sirius
@Patrickr
Natirlech kennt eng assurance net fir "Vol" ob wanns du z.B. deng Ausrüstung an engem Cabrio leien hues an den Top war roof, oder owes dain Auto parks an alles hannen um Setz hues wou al Mensch et gesait. Mengen daat ass jo och fahrlässeg.
Me wanns de den Auto awer obgebrach kriss an deng Ausrüstung lung an der Mall, dann bezillt awer d'Assurance.
Oder een anner Beispill. Waan ech mam Stativ ob engem Bierg stin an ech geng durch een Ongleck den ganzen Buttek emgeheien an alles wier futti, daan bezuelen se och.
Hun mir dei 2 Fäll vun der Assurance bestätegen geloos. |
Daat kann ech (deelweis aus eegener Erfahrung) bestiedegen. Mir as nach näischt geklaut gin, mee eemol den Apparat mat der Lens widdert en Fiels geschlo (Zoom futti) an eemol den Apparat vum Autosdaach geflunn (haat en do vergiess wéi ech fortgefuer sin - keng domm Remarken w.e.g
).
|
|
Thema: Ps CS5 Webinar - Wat as nei? |
Charly
Antworten: |
28 |
Hits: |
69.123 |
|
|
Zitat: |
Original von gloda
Net fir d'Aktivatioun, mee fir d'Registréierung, jo. Wanns de dech registréiers en plus vun der Aktivatioun kann s de dann en "Benefit" beasprochen. Ech wärt zB vun den 30 Deeg gratis lynda.com Training profitéieren. |
Vun deenen 30 Deeg lynda.com haat ech beim upgrade op CS4 profitéiert. As Gold wäert! Et huet een awer vill Zäit fir säin "Benefit" ze beusprochen, dofir haat ech gewaart bis ech congé haat fir wierklech vun deenen Tutorials op lynda.com ze profitéieren.
|
|
Thema: Nodeeler Flickr? |
Charly
Antworten: |
16 |
Hits: |
37.715 |
|
|
Probéier emol daat hei: Setzt eng Photo op Facebook and schéck engem Frënd en Link drop. Dann läsch den account an fro däin Frënd no e puer Wochen op de Link nach geet ... do kinnts de emol staunen!
|
|
Thema: Concours |
Charly
Antworten: |
185 |
Hits: |
516.359 |
|
|
@Jade: sorry wann ech mech e bessen ze kuerz ausgedréckt hun. Daat wor et awer waat ech gemengt hun. Et ass en schwieregt Thema fir an engem Bild esou emzesetzen dass daat ouni weider Erklärungen eriwer kënnt.
|
|
Thema: Concours |
Charly
Antworten: |
185 |
Hits: |
516.359 |
|
|
Also ofgesin dovun dat ech näischt fir den Concours hun fannen ech et schon schwéier déi Photoen di do sin ze bewerten. Ech kann bäi kenger dovunner en "Zitat" gesin ... Sin wuel net gebild genuch fir déi ze verstoen. Daat kinnt awer och en Grond sin firwatt esou wéineg Photoen do sin. Et as ganz schwéier esou en abstrakten Begrëff bildlech emzesetzen.
|
|
Thema: Ordner an der Usergalerie |
Charly
Antworten: |
18 |
Hits: |
36.909 |
|
|
I love it! Muss een erem hallef Informatiker sin fir mat engem Programm emzegoen ... Erennert mech un Linux ...
Näischt fir ongudd, ech benotzen och bal nëmmen den Firefox, mee bei verschidde Saachen as en einfach, eeh, uureg, à la 1970er Unix; "about :config" mat honnerten onverständlecher Parameter; Erklärungen? Google and beten ...
Opgepasst, ech wëll keng Diskussioun iwert Windows vs Linux, Microsoft vs Apple, oder waat och emmer lasstrieden. All hun hier Vir- an Nodeeler.
|
|
Thema: Tirages Foto.lu |
Charly
Antworten: |
23 |
Hits: |
67.968 |
|
|
28.04.2010 19:28 |
Forum: Misc |
Also ech hun ganz gudd S/W Vergréisserungen bei digitaloriginal.de kritt.
|
|
Thema: Flecken am Sucher ! |
Charly
Antworten: |
18 |
Hits: |
37.181 |
|
|
Zitat: |
Original von Gaga
...den holläner klengt och mei vernünfteg lol ! |
Den Häer G. (Fototrade) as iwrigens Schwäizer, net Hollänner.
|
|
Thema: Grouss Dateien verschecken |
Charly
Antworten: |
14 |
Hits: |
88.552 |
|
|
Zitat: |
Original von vitovox
Also nach eng kéier... Informeier dech charly... Ech schaffen matt villen firmaen an privaat benotzen ech et och, an dropbox (probeier einfach) ass e professionelen tool... Et kann, mä muss een keng app installeieren...geet och iwwert eng websait. Soss muss de eben kennegen ;-)
wäll et gin och firmaen wou graad e stick net erlaabt ass |
Zur Info: Ech hun mech informéiert. Ech sin nämlech Informatiker an ech sin een vun deenen déi den User esou Saachen späeren ... well ech wees (aus Erfahrung) wivill Schäiss esou zirkuléiert an deieren Server-Storage zoubottert. Ech fannen jo d'Iddi vun esou engem Service och ganz gudd, wollt awer eben op méiglech Nodeeler an Aschränkungen opmierksam maachen.
|
|
Thema: Grouss Dateien verschecken |
Charly
Antworten: |
14 |
Hits: |
88.552 |
|
|
Zitat: |
Original von deBaemm
Zitat: |
Original von vitovox
Eischter matt iDisk, an der funktioneller versioun :-D |
hahaha gail vito!!!!
den NOL OP DEN KAPP!!!
|
Waat et och nees anschränkt well een eppes installéieren muss ... waat entweder nees net erlaabt oder guer net méiglech as wann een net di entspriechend Rechter op sénger Machin huet.
Mir hun emmer nees esou Ufroen bei eis an dann gin mir hin an huelen daat mat engem isoléierten PC iwert ADSL erof, op USB-Stick, gescanned an dann kënnt et eréischt op eng intern Machin.
|
|
Thema: Grouss Dateien verschecken |
Charly
Antworten: |
14 |
Hits: |
88.552 |
|
|
Du muss just oppassen weems de esou eppes schécken wëlls. Vill Firmen (meng och) blockéieren déi Siten fir ze verhënneren dat hier user en masse privaten Blödsinn esou an d'Firma eran bréngen.
|
|
Thema: Farwen am windows |
Charly
Antworten: |
3 |
Hits: |
23.397 |
|
|
04.03.2010 07:47 |
Forum: Misc |
Hmm, also op dengem Screenshotgesäit den Windows Photo Viewer besser aus wéi daat am Photoshop hannendrun ... Hues de däin Display kalibréiert? As di Kalibratioun nach gudd? Waat hues de am Photoshop als Arbechtsprofil agestallt? Hues de net aus Versin den Proof Colors aktivéiert (Ctrl-Y oder am Menü View, Proof Colors)?
|
|
Thema: Woumat bearbeschten ? |
Charly
Antworten: |
24 |
Hits: |
69.999 |
|
|
Zitat: |
Original von gloda
Ech recommandéieren Photoshop CS4 One-on-one vum Deke McClelland.
http://www.lynda.com/home/ViewCourses.aspx?lpk1=98
Ech hun Photoshop réischt säit 3-4 Joer, an um Ufank hun déi Videos op lynda.com mer gehollef fir op d'Adobe Software ëmzesteigen. Den Deke as cool, während aner Video-Tutorial-Auteuren drëschen Virträg halen mecht hien et lieweg a witzeg. En huet och eng Stëmm wou ech méi laang nolauschteren kann.
Ech weess net ob dat nach de Fall as, mee wéi ech deemols den Photoshop bei Adobe registréiert hun krut ech 30 Deeg gratis Accès op lynda.com ugebueden. |
100% d'accord. Ech hun sämtlech CS4 Tutorials vun lynda.com an di sin wierklech super. Et brauch een just vill, vill Zäit ...
|
|
Thema: Negativ scannen |
Charly
Antworten: |
6 |
Hits: |
32.471 |
|
|
03.01.2010 20:30 |
Forum: Misc |
Zitat: |
Original von arwaDem @ Charly sei Kolleg kënnt dir jo................... fro mol ganz léif
|
Ah sou? Deen as as am Moment an Brasilien op Chantier ... As daat deen deens de mengs?
|
|
Thema: Negativ scannen |
Charly
Antworten: |
6 |
Hits: |
32.471 |
|
|
03.01.2010 20:29 |
Forum: Misc |
Zitat: |
Original von jotesDei Infrarout-Stepps-Detektioun funktioneuert net bei all Scanner fiir SW-Negativer an Kodachrome-Diaen. Beim LS-5000 klappt et NET bei Kodachrome. |
Jau. Mee wann een wéi ech keng Kodachrome huet ...
Ech hun den Nikon jo och nëmmen als Beispill ugin well ech elo domat schaffen.
|
|
Thema: Negativ scannen |
Charly
Antworten: |
6 |
Hits: |
32.471 |
|
|
02.01.2010 17:54 |
Forum: Misc |
Also wanns de een kaafen wëlls, dann huel keen "bëllegen". Kuck dat en zumindest eng Infraroud-Detektioun vum Stëpps huet. Ech haat mer och firun e puer Joer en ~300€ Scanner vun Minolta kaaft. Eigentlech net schlecht, mee ech sin geckeg gin mam Stëpps, obwuel ech baal nach emol esou vill Geld fir Drockloft-Dousen ausgin hun!
Elo hun ech engem gudde Frënd säin Nikon LS-5000 geléint an daat as en Genoss. En gudden Scanner spuert der vill Zäit an ënner Emstänn och Geld.
|
|
|