Thema: Roulot'ographe Workshop |
|
Ech ging definitiv matman (ausser lo vlt dese Weekend)!
Ech fannen et eng ganz gudd Saach, haaptsächlech well et vlt mei jonke Leit beibrenkt wou d'Fotographie hierkennt an dass et och mol eng Keier mei war wei nemmen mam iPod oder iPhone ze knippsen.
Ech froen nach puer Leit, vlt krein mer der jo 6 zesummen.
Dei Preis ass e besse vill, mee akzeptabel (mier si jo zu Letzebuerg...). Den Ennerscheed zwechen dem Preis fier Membren and net-Membren ass just fraglech grouss.
|
|
Thema: Roulot'ographe Workshop |
|
Salut.
Sorry wann ech hei en aalen Thread opgruewe ginn...
Ech wollt amfongeholl dese Samsten mat op Bilsdorf goen, mee ech wees nach net op et fier mech meiglech ass, vu dass ech kuerz fiedrun zwee Bakenzänn gerappt krein.
Kann ech net einfach op der Plaz selwer bezuelen?
|
|
Thema: 120er film entweckeln, wou? |
|
Fier 120er Film kanns de egalwou hi goen, se schecken de Film emmer anzwouschanecht hin. Dauert iwwerall ongefeier eng Woch fier nemmen z'entwecklen.
Fier 120er S/W bezills de ongefeier 8€ beim Fototrade.
|
|
Thema: Ilford Film Markeirungen? |
|
Salut,
Deslescht huet mei Papp eng Zeiss Ikon Super Ikonta C (1934) aus Argentinien matbruet an ech hun en 120er Ilford HP5 Plus (400 ASA) dafier kaaf.
Ech hunn en lo dra gema, mee ech wees lo net wou d'Markeirunge sinn?!
Ech hunn den Film ageluet an soulang gezunn bis den eichten Pfeil fun uewen bis ennen komm ass, dono weider bis ech dat eicht Simbol an der 6x9 Fenster gesinn hunn. Lo kann ech dat awer net erkennen, well een just en klengen Eck do geseit. Ech kann also net erkennen, watfreen Zeechen dat ass. Et geseit aus wei dei ennescht Kannt fun engem Quadrat o.ä.
Wann een mer vieleicht keint soen, wei d'Markeirungen kommen (1 Pfeil, 2 Pfeiler?, wei deck dei Nummeren sinn etc), dat wier leif.
Well et quasi den eichte Modell ass, sin dei 2 Fensteren hannen an der Kamera net an der Mett oder ennen wei bei deen mei neie Modeller, mee uewen, ennert dem Sucher. Evt kann ech nach eng Foto roplueden.
Merci villmols schon am Vieraus,
Charel
|
|
Thema: Workshop Concertsphotographie |
|
Ech ging gären matmaan!
Fotografeiren gelegentlech klassesch Concert'en fier puer Suen, ging mer secher hellefen.
Ech muss just na kucken wei ech dohinn an rem zreck kommen, well ouni Führereschein fun Iechternach bis ennen an de Süden em dei Zeit...
|
|
Thema: "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) |
|
01.11.2011 00:49 |
Forum: Misc |
Gellt dat nemmen fier Zoom-Objektiver an/oder Canon Apparater?
Ech hun schon dofun heiren, dass d'Diffusion fum Liicht bei enger klenger Blend am Bild gesi ka ginn, mee den Phenomen na nie deitlech erlieft.
Ech hu bei mengen Fotoen fum Schießentümpel och eng 22er Blend benotzt (wat bei ISO 100 Fotoen fun 8-25 Sekonnen goufen), awer hunn op kengen daitlech Problemer mam Fokus gehaat.
Fier d'Bild ofzedonklen kann een en ND-Filter benotzen. Ganz einfach kann een soueen aus Schutzglas aus Schweeßerbrellen bauen.
|
|
Thema: Lëtzebuerger Geschäftswelt = Erlebniswelt |
|
Dat klengt wierklech verdächteg nom Mirgain!
Deslecht wollt ech eng SD Kaart do kaafen, an si gefroot ginn, firwat ech dann ombedingt eng wameiglech grouss a schnell brauch, mat JPeg geht eng kleng belleg dach duer.
Op d'Äntfert, dass een besser Fotoen am RAW scheisst, kruut ech dann eng Priedegt wei notzlos RAW wier an dass jidfreen, wieklech jidfreen nemmen am Jpeg scheisst…
Wor och dei leschte Keier dass ech do war.
De beschte Buttek ass fir mech bis lo nach emmer de "Gangster" Fototrade.
|
|
Thema: Ech sichen eng Foto |
|
Jo genau dei!
Et geht amfong drem sou eng ähnlech Foto ze man (Kierper am Wandel-->a Relation mat Second Lives aus dem Casino).
Villmols Merci!
|
|
Thema: Ech sichen eng Foto |
|
Wees net op et heihipasst, mee e Versuch ass et op alle Fall wert.
Ech sichen eng Foto die fun engem jonken Benotzer hei op Photogen ass, fier am Konschtcours am Lycee ze weisen. An der Foto geseit een de jonke Mann (16-20 Joer ging ech soen) an en huet e Bigel (Kleiderbügel) an der Hand, op deem sein plaakechen Uewerkierper (ouni Kapp) wei en Hierm hänkt.
Wann ech mech nach gudd erenneren huet en de Bigel an der lenkser Hand an e steht fierun enger roud/bronger Mauer mat donklem Parket
Merci am Vieraus
Charel
|
|
Thema: Copyright |
|
Ech hunn welles en Plakat am Stil fun Inception ze man an (Bild am Anhang) benotzen dofier e Bild fun Pixelcase.com.au.
Et ass just e Screenshot, mee ech si mer net secher op ech dat iwwerhapt dierf benotzen.
Ech hunn eemol heiren, dass een bis zu 10% aus engem Bild dierf benotzen, mee wei weit ass dat gülteg? Bei dem wat op der Seit ze gesin ass, ass et jo mei wei ee Bild an get et do op alles bezun, wat ech um Schirm gesin, dass dat e Bild ass, oder ginn dei 10% op ee fun denen ville Biller bezun ( dei gebraucht gi sin fier dat ze zesummenzestellen)?
Weiweit dierf ech dat iwwerhapt benotzen? Fier mech aleng, öffentlech oder souguer fier Geld damat ze verdengen?
Ech soen lo schon mol Merci fier all Äntfert.
|
|
Thema: PG Update |
|
Jo, dommheet fu mier, et war d'Greisst.
Merci fier d'Hellef! D'Fotoe kommen dann lo demnächst
|
|
Thema: PG Update |
|
Ech wees zwar net, ob dat hei richteg ass, probeiren awer mol.
Anzwar hunn ech e Problem beim Roplueden fu Fotoserien.
Ech Klicken op Fotoserie roplueden, checken d'Kästchen a wielen 5 Fotoen aus.
Wann ech op roplueden klicken, lued den Safari (5.0.2) d'Seit, mee e brauch immens laang (leit vlt u menger iNet verbindung). No enger Eiwegkeet (net gemoß) krein ech dann eng Fehlermeldung, dass ech weinstens 2 Fotoen an enger Serie soll hunn an uewen an der Informationsbar steht den Schratt 2.
Ech schaffen mat Lightroom 3 (64bit fier Mac OS X). D'Fotoen goufen do exporteiert, als .jpg an op 800 Pixel op der längster Seit ugepasst. Deelweis hunn d'Fotoen en Waasserzeechen, mee ech huelen un, dass dat neicht zur Saach beidreit.
Se leien bei mir um Desktop, giel markeiert, mat alphanumereschen Nimm (mat Klammeren, Underscore an Zifferen souwei natierlech och Buchstawen ouni Espace).
Hun geschter owend zweschen 7h an 12h e puer Mol probeiert, emmer de selwechte Problem. Haut de Metten geint 3-5h nach emmer dat selwecht.
Bis lo haat ech nach nie de Problem. Markeiert Fotoe ropgelueden, aus Enneruerdneren, aus dem / an ~/ Verzeechnis, alles… Emmer geklappt.
Freen mech fier all Hellef!
Charel
|
|
Thema: Tips an Material fir e Concert...waat brauch ech |
|
Also ech man zwar nemmen op klasseche Concert'en Fotoen, mee vlt kann ech der jo awer hellefen.
Tripod ging ech mol op alle Fall mathuelen.
Wanns de d'Chance hues, ma d'Fotoen op der Bühn wann d'Grupp nach prouwt, ier d'Leit do sin.
Bei der Prouw och mat Bletz (wann et muss sin). Op der Bühn mat Publikum vlt net.
|
|
Thema: Woumat bearbeschten ? |
|
Also ech schaffen lo mat Aperture (nach net ganz V3) an mat Pixelmator(ass jo scho genannt ginn).
Aperture vs. Lightroom ass eichter eng Meenungssaach. Mee Pixelmator ass gudd, fier e bessen mat Layeren ze schaffen an bessen haunderem ze spillen. Eng richteg alternativ zu PS aus dem CS4 ass et net, well de ganzen Deel mat der Fotobearbechtung fehlt. Ass awer ganz gudd, an fier de Preis (55€+/- mat Paypal) nemmen ze empfehlen!
Als Proff kritt een 8%, et sief dann, et wier eng extra Proffen-/Studenteversion (wei zB bei Microsoft Office). Dei 8% (bei Studenten iwregens nemmen 3%) kritt een 1mol am Mount, an et muss een am Geschäft (geht net am Internet) en Formular ausfellen.
|
|
Thema: Nikon D3000 oder D5000? Top oder Flopp? |
|
Also ech ging der d'D5000 urooden, wollt ech och am ufank kaafen, mee lo hunn ech mer awer d'D300s kaaf...
Op Canon giff ech net emklammen, well dei hun zwar mei Megapixel, mee den ISO ass net sou gudd, an op deen kent et un, wanns du an mei donkele Bereicher fotografeiers (alles wat net Studio ass zB).
Zu Treier gett mei deier, well an Deitschland ass d'TVA op technesch Saachen mei heig.
Ech war och beim Fototrade. Kann ech nemmen empfehlen.
|
|
|