Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Eng Foto schärfen ouni un Px rappen ze goen
 
Eng Foto schärfen ouni un Px rappen ze goen
1) Du mechs deng Foto ganz normal am Photoshop op. An desem Fall meng Kaatz den Picasso, den relativ schweier schaarf ze kreien ass.




2)Duerno aastells du der eng Kopie vun denger Ebene. Desen Befehl fenns du enner: Ebenen -->Ebene dublizieren"




3)Vun elo un schaffs du nemmen mei mat denger Kopie dei's du elo graad gemaach hues. Iwer dei Kopie get elo en "Highpassfilter geluecht" Deen fenns de enner "Filter-->Sonstige Filter-->Highpass"




4)Hei soll een elo en Radius anstellen. Weivill Radius een hellt hängt vun Foto zu Foto of. Gudd Resultater kritt een mat engem Radius vun 1Px bis Max 5 Px. An menegem Fall setzen ech +/- 5Px an an drecken "ok"




5)Duerno sollt dain Bild esou ausgesin:





6)Dann änners du "d'Füllmethode" dei's du an dem "Ebenenfenster" fenns ob "Überlagern"


7)Dain Bild ass elo geschärft gin, ouni dat PS Pixelen dobai bzw ewechgerechnet huet. Iwerpreif et andems de op d'Aansymbol lenks vun denger Ebenenkopie" klicks.
Virdrun:





an elo:




Hei ass den Ennerscheed elo net esou flagrant, well d'Biller nemmen 750Px x 600Px hun, mee probeier et aus, du waers den Ennerscheed doheem gesin. Wann et der dann nach net mat der Schärft duergeet, kanns du deng Foto nach emmer mam "Unscharf Maskierenfilter" weider schärfen.

Desen Trick ass natirlech net op menger Mescht gewues. Et wor den Focus den mer en gewisen huet. Decken Merci un hien.
Geschriwwen vum Paukl 12.03.2007, ass säit deem 24991x gekuckt ginn.
Mojoo 12.03.2007 - 15:46
Merci, dei Method hun ech nach net kannt.

Ech hun elo eng Foto mam Highpassfilter verschafft, an dei nämlecht ob meng Aart an Weis (Sharpen + Unsharp Mask). Ech gesin elo direkt keen Ënnerscheed. Souwäit ech gelies hun, ass den Sharpenfilter net esou gudd fir d'Qualitéit vun der Foto bäizebehaalen. Ass dei hei Method besser, well een näicht direkt un den Pixelen verännert? Weigesoot, een groussen Ennerscheed miierken ech elo zwëscht deenen zwou Methoden net.
Paukl 12.03.2007 - 19:29
Wann een zb beim Unscharf Maskieren den Radius zevill grouss wielt, gin verschidden Partien an dengem Bild waiss. Hei bei mengem Bild wier daat elo verschidden Hoerpartien. An genee dat kriss de net oder vill manner bei der heiten Method.
CHAREL 12.03.2007 - 18:19
interessant! hun daat war och nach net kannt daat gett dann herno ausprobeiertsmile
Pinocchio 12.03.2007 - 21:17
Excellente méthode !
D'expérience, faites attention à ne pas trop accentuer. J'utilise rarement des réglages d'intensité en-dehors de la fourchette 1,0 à 3,0.
D'autre part, j'ai noté que lorsque qu'il y a un ciel bleu derrière le sujet son contour se trouve accentué d'une ligne claire pas très naturelle. Dans ces cas, désireux de garder cette méthode, je vous suggère d'ajouter au calque un masque de fusion. Sur ce masque vous passez alors le long des contours trop accentués avec un fin pinceau noir (pas besoin d'être très précis). Vous verrez ainsi l'effet disparaître là où il n'est pas désiré.

Bon travail !
Paukl 12.03.2007 - 22:02
Merci pour le tuyau smile
Kwitchibo 12.03.2007 - 23:16
Daat do as dach mol TIPTOP!!

MERCI

Paukl 12.03.2007 - 23:35
Gaer geschittsmile
Lilia 21.06.2007 - 21:14
supper smile

huet mer wieklech weidergehollef an ass och sou erklärt dass et liit ze verstoen ass smile
Shantideva 12.07.2007 - 21:11
Ech hun daat probéiert an ech war erstaunt wéi einfach an wirksam dess Method ass. Merci!!!
paulwagner 22.02.2008 - 16:15
Hei nach eng aaner Method vir den Hightpass : 2x Duplicate Layer -> 3ten Layer Gaussianblur 5-15 -> 3ten Layer Invert -> 3ten Layer Opacity 50 -> Merge Layer 3 & 2 -> Layer 2 Levels 95-115 an 150 - 160 an dat wor et smile
Poly 07.09.2008 - 14:00
ok d'bild as wesentlech méi schaarf ginn méin dass awer och méi bildrauschen komm, wann ech dat ewesch machen get foto natirlech eroem méi unschaarf oder?
Paukl 08.09.2008 - 14:47
jo daat muss du virdrun ewech maachen, well alles waat am Bild war get verstärkt. Loos deng Photo duerch den Neat Image laafen befiir's du se mam Highpassfilter noschärfs. Duerno kanns du se nach emmer mam Unsharp mask weider schärfen
LP 05.03.2009 - 15:54
top dei do methode smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 423 Gäscht online