Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» aus schief get riicht
 
aus schief get riicht
Wen kennt daat net, eng Foto dei kippt, well een grad ken Stativ dobei hat an d'Aaenmooss awer net grad daat bescht as, hei eng einfach Method fir se riicht ze kreien ouni eppes ze verzerren...


Alseicht wielt een d'Bild aus: Auswahl -> Alles auswählen (oder Ctrl+A)

Dann wielt een d'Messwerkzeug, waat een bei der pipette fent



Schliesslech fiert een mam Messwerkzeug laanscht dei Linn dei een wel riicht kreien. An desem Fall den Tuerm, well dei mini Tierm net ganz riicht sin.



Wann een daat dann gemaach huet, geht een op: Bild -> Arbeitsfläche drehen -> Per Eingabe


Wann een alles richteg gemaach huet, misst dei kleng Fenster do kommen an do brauch een eigentlech nemmen Ok ze drecken, well d'Astellungen schon gudd sin!



Sou, lo den leschten Schratt. Wei der wert feststellen huet Bild sech gedreint an dann as um Bord weissen respektiv bei mir schwarzen Hannergrond. Daat heescht et muss een lo den Deel vum Bild auschneiden mam Freistellungswerkzeug. Wann een d'Auswahl huet einfach Enter oder doubleklick op d'Bild


VOILA, HEI HUN MA D'RESULTAT!!



Ech hoffen ech kann puer leid mat dem Tutorial hei weider hellfen, also na vill Spaass beim bastelen.

Kritik an Verbesserungsvirschlei sin och hei wellkomm!!!

Geschriwwen vum Masterpii 01.02.2007, ass säit deem 21293x gekuckt ginn.
Johny 01.02.2007 - 17:31
Ech géif den Titel änneren: Foto riicht maachen oder: Äus schief maach riicht.

Den Link op desen Tutorial wärt ech elo jidderengem ginn den eng schief Foto eroplued smile MERCI closed_eye
Masterpii 01.02.2007 - 17:31
Majo, as gäer geschitt!!
Treverer 01.02.2007 - 19:47
boah ey ..... c'est genial !!! .... merci vuer dat Tutorial!
Masterpii 01.02.2007 - 20:12
Hun da jo gesot dass ech der den ransetzen !!
Pinocchio 01.02.2007 - 22:07
Plus efficace, y'a pas. Plus simple, tu meurs !

Fini les 'Tour de Pise' sur Photogen, ou en tout cas, il n'y aura plus d'excuses !...
Kwitchibo 05.02.2007 - 01:30
Schön hast du das gemacht smile
Nicon07 05.02.2007 - 17:48
An ech hun ëmmer d'Gridlines ugemaach an da probéiert am Gewulls mat Rotation di Saach riichtze béien.
Masterpii 05.02.2007 - 23:03
Kann een emmer nach beileieren!!
gloda 22.04.2007 - 15:03
Ech hun mech ëmmer gefrot firwat deen Tutorial hei gudd sol sin, am Paint Shop Pro hues de en Straighten Tool wou dat ganzt vill méi einfach mecht, mee lo wou ech mam Photoshop ufänken gesin ech réischt dass Adobe do eng Gelegenheet verpasst huet eppes Komplizéiertes einfach ze maachen.
Masterpii 22.04.2007 - 18:14
Sou komplizeiert as et awer net!!!
Sam 16.06.2007 - 09:44
gin dem gloda awer recht, dass dei fontioun am ps definitif fehlt!
Prometheus 14.07.2007 - 12:28
Maja dann wess da lo wei et am PS geetclosed_eye
Ricky 14.05.2008 - 18:28
Gudd awer komplizéiert. Am Picture It! Foto Premium 9 gët et eng Fonktion "Bild Strecken" do klickt een eng Linn déi paralell mam Rand soll sin un an en zwäten Klick op eng aner Plaatz vun déer Linn (et kann een esoguer d'Maus dertöschent lassloossen) a schon as de Gegenstand ausgeriicht.
Masterpii 15.05.2008 - 15:20
Strecken as net daat nämlecht wei riichten!!! Dann kanns de jo och een Tutorial maachen.
Ricky 15.05.2008 - 15:43
Mat der Fonktioun "Bild Strecken" am Picture It geschitt genau dat selwecht wéi an dengem Tutorial gewisen get. Ebenfalls de Photoshop Elements 4 huet dat selwecht System, just et därf een d'Maustast töschent deenen zwee Punkten net lasslôssen
axo-boy 24.08.2008 - 23:40
ass net schlecht dei methode mais et get en verlost fun der photo--> hei z.b. ass et en klengen tuerm rietz am eck
Shogun 03.02.2009 - 13:29
da sin ech awer lo Mol gespaant wei dann deng Methode as datt ee GUER naischt verleiert ouni missen zousaetzlech Manipulatiounen ze maachen, sou datt och de Bord vun der Foto riicht as an ouni eppes ze verzerre, well daat geht och op Kaeschte vun der Foto. Geng daat wierklech gaere wessen...
Masterpii 12.02.2009 - 22:47
Daat hei as just eng Beispillfoto, well se technesch gesinn am beschten kromm war an technesch gesin awer och deck null as!!!
Kilroy1313 22.01.2010 - 23:23
Propper explizéiert ! smile *****

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 216 Gäscht online