Crop-Faktor | |
Den Crop-Faktor gët oft falsch bezeechent als Brennwäitenverlängerun. z.B. Bei der Canon EOS 300D ass dësen Faktor 1,6. D.h., wann dier wëllt Brennwäiten vun Objektiven op dem Apparat wëllt mat aalen vergläichen, also analogen Apparaten, musst dier d'Brennwäit mat 1,6 multiplizéieren fier op daat selwecht ze kommen. Aanescht gesoot, Wann een mat enger DSLR, dei en Crop huet, en Objet mat enger Brennwäit vun 100mm kuckt, misst een mat engem analogen Apparat, oder enger DSLR ouni Crop, dee selwechten Objet mat der selwechter Distanz, mat 160mm kucken, fier en genau nämmlecht grouss ze gesin. Mee wouhier kënnt daat? Daat wëll ech hei mol erklären. Bei engem analogen Apparat (KBformat) ass en Oofschnëtt um Film, wou d'Foto drop kënnt, 36 x 24 mm grouss. Daat ass awer nawell nët kléng, an wann een bei enger DSLR misst en Sensor bauen den sou grouss wir, daat géif vill ze deier gin. Dofier hun vill Amateur-DSLR'en Crop-Faktoren. D'Profiserie gesäit awer do schonn rem aanescht äus. Fier d'Amateur-apparaten awer an engem normalen Präisberäich ze haalen, hu se mussen en mei klengen Sensor bauen. Den ass bei der 300D vu Canon z.b. dann 22,7 x 15,1 mm grouss. Wann mer lo d'Verhältnis vun denen 2 Gréissten kucken: 36 / 22,7 = 1,585, opgeronnt also 1,6, den Crop Faktor. Dëst bréngt mat sëch, dass wann dir, mat engem aalen Objektiv, op enger DSLR, en Objet kuckt, trëtt folgendes an: ![]() Daat ganzt Bild, ass eigentlech alles daat waat een geif gesin bei enger analoger SLR oder enger DSLR ouni Crop. An den Deel bannendran, ass den Deel, den nemmen duerch den digitalen Sensor mat Crop erkannt gët. Aanescht gesoot, en hëllt en Deel vum Bild, an vergréissert et. Doduerch kritt een domat méi grouss Biller räus, wéi een vun aalen Apparaten gewinnt ass, bei der selwechter Brennwäit. Leider gët oft geschwaat vunn Brennwäitenverlängerung, mee un der Brennwäit selwer ännert guer an glaat näicht, den Faktor ass just agesaat gin, fier kënnen mat analogen Apparaten an den SLR'en ouni Crop, ze vergläichen. Leider bréngt daat mat sëch dass Detailer verluer gin un der Foto, waat een awer bei normalen Gebräuch absolut net mierkt. Fier ufänger ass grad den Crop suguer vu Virdeel, well een dann och nët muss sou vill an Objektiven investeieren fier awer en anstännegen Tele ze hun. z.b. 300mm Tele normal, sin mat Crop 480mm. Dann kuckt lo mol waat Objektiver kaschten dei bis 500mm gin, an waat dei kaschten dei bis 300mm gin .. e riesen Ennerscheed. Allerdings muss och gesoot gin, dass wann z.B. Canon als Crop Faktor 1.6 ugët bei engem Apparat, den just zielt fier hier Objektiven, op engem Objektiv vun Sigma oder Tamron kéinten et do liicht Ënnerscheeder gin. Dësen Begrëff mengen ech, ass vun villen nach guer net verstaan, och ech sin um Ufank guer net richteg eenz gin waat daat sollt sin, bis een mer et äusféierlech erklärt huet. Dofier hun ech mer geduecht, wir et och wichteg den Begrëff hei sou genau wéi méiglech ze erklären. Wann der nach Froen hudd kënnt der se natirlech gären stellen. Hei hun ech nach eng Kéier dei verschidden Crop-Faktoren vun denen bekanntesten DSLR'en räusgesicht: Crop 1.6: - Canon EOS 350D / 300D - Canon EOS 20D Crop 1.5: - Nikon D70 / D70s - Nikon D50 |