Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Allgemeng Tipps »» Who needs a scanner...
 
Who needs a scanner...
Jidderen den eng DSLR, ob elo APS oder Full Frame huet, huet zugläich en Topscanner. Desweideren bauche mer e gudd Macroobjektiv , daat zumindest bis 1:1 geht an e vollverstellbaren Dia Duplikator, wéi z.B. den aalen Panagor hei.



Gerummten Diaen gin einfach an d'Schinn hannert dem Diffusor gestach. Fir Filmsträifen benotzen ech den Nikon film strip holder FH-2 vum Coolscan LS-30.

Déi Filmhalteren kritt en och méi bëlleg vun Hama, Kaiser Fototechnik asw.
Leider sin esou Dia Duplikatoren, wéi dësen Panagor schwéier ze fannen. Waat haut ugebuede gëtt ass knapps bis guer nët ze gebrauchen. Praktesch all déi Geräter si geduecht fir un e Kitobjektiv unzeschléissen an hun demno eng agebauten Nolëns. Fir optimal Resultater kënnt allerdëngs nëmmen e richtegt Macroobjektiv a Fro an en Duplikator ouni optescht Element.

Beim APS Format géif déi ideal Brennwäit fir en KB-Negativ/Positiv voll op de Sensor ze kréien, bei ca. 65mm leien. Ech benotzen en 50 mm an daat funktiouneéiert ganz gudd mat engem an der Längt verstellbaren Duplikator.
Wann alles bis agestallt ass, kann én en 36er Film a knapp 10 Minuten "scannen", an daat bei enger Qualitéit déi iwert dem Niveau vu mengem aalen Nikon Coolscan LS-30 läit sowéi sämtlechen bëllege Filmscanner déi haut um Maart sin, inklusiv Flaachbettscanner. A propos Flaachbettscanner (an zum Deel och Filmscanner), déi protzen jo oft mat phantasteschen Opléisungen. A Wierklechkeet bleiwt dovun just é reellen Wert vun 30-50% iwrëg (wann ët gudd geht). Hei kann é méi doriwer liësen: http://www.filmscanner.info/FilmscannerTestbericht...

Als Beispill hun ech en SW Negativ gewiëlt, den nët optimal ass. Deelweis iwerbeliicht, respektiv iwerentwëckelt.

Am Camera Raw gesät daat dann esou aus:



Fir elo am Raw e Positiv ze maachen, klicke mer op Kurven an dréien déi ëmm, d.h. mir zéihen de Punkt uewe riëts no ënnen riëts an de Punkt ënnen lënks no uewen lënks. D'Resultat ass dann é méi oder wéiniger flauen Positiv.



Mir gin dann zerëck an d'Basisastellungen, a versichen daat bëscht aus dem flaue Bild eraus zehuelen.



De Finissage maache mer am PS, Elements oder LR,



a wé wëllt, ka säi Wiërk nach arummen, ëm je no Gusto e Sepiatouch gin asw.



Daat ganzt funktionéiert natiirlech och mat Farwnegativfilmer, ass awer e bësse méi kropelech wéinst der Orangemask.



Kodacolor II ca 1973
Geschriwwen vum Jaycee 13.08.2013, ass säit deem 20680x gekuckt ginn.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 253 Gäscht online