Wann da mol eng Kéier Schnéi an der Stad leie bleift, da gëllt et op Zack ze sin. Fir d'éischt duecht ech, dat hei wier eng Loftopnam mat enger Dron, mais vum Eecher Bierg aus ass ee jo awe schon zimmléch héich iwwert den dräi Tiirm, fir sou vun uewe rof ze fotograféieren. Monochrom ass hei ee must, an nit nëmme, well dat Motiv do scho vun de grousse Staater Fotografen an de 50er a 60er Joere geknipst gin ass.
Alt neess kann ee soen hei: Een echten, onverkennbare, Gemu. Bravo!