Firwat hues du iwwersin, datt do een um Velo gefuer koum? Deen häss du kélntn e puer Sekonnen éischter tëscht di 2 Dreckskëschte plazéieren an dat wier dann ee Géigepol zu der Joggerin um Plakat gewiescht, në?
Mais soss ass et eng flott Momentopnam, déi di kleng Absurditéite vum moderne Liewen gutt eremspigelt.
Obschon dat "Geyocks", w?i eise Ma?tre dat nennt, jo awer och eppes Guddes fir d'Gsondheet ass.
Also Nico, meng vue gëtt ëmmer méi schlecht déi lescht Joeren an ech doe mech scho laang schwéier mat manuellem Fokusséieren, sou och hei. Ech war esou demat beschäftegt de Fokus ze setzen, dass ech de Biker iwersin hun, an och elo wous de mech mat der Nues drop gestouss hues, hun ech missten zweemol kucken fir ën ze gesin... enfin ech soll demnächst nei Lënsen "agebaut" kréien, da geht ët hoffentlech besser...
Mengste mat "eisem Maître" dee berüchtegen Mätre V.?
Ech, als Porteur vun engem Séikraaftoptimisator zanter lo scho bal 50 Joer, kann novollzéie, wat déch plot. Ech hun dee Problem och mam manuelle Focus, a besonnesch op ménger "neier" Rangefinder Nikon S2, wou ech méch schwéier din, di Iwwerlappung vun de Stereobiller an der Mëtt genee ze gesin. Bei der Pentax 6X7 muss ech suguer de Brëll ausdoe, well do gesin ech mat guer nit scharf doduerch. Et gëtt wirkléch Zäit, datt ech bei méng Ophtalmo gi, fir nei Stärkten a mäi Bréil maachen ze loossen.
Jo, genee dee mengen ech. Kenns du dee Video nit? Géi bei youtube an tipp einfach Gaston Vogel joggen an, an direkt deen éischte Video ass dee richtegen. Et duerf jee o neierdings kee Link méi deelen, soss hätt ech dat lo hei gemaach.
Ech hu viru laangen Joeren, wéi eise demolegen Personalchef nach seng Compta gemaach huet, de Maître déi eng oder aaner Kéier live erliëft, sou war hiën och am Alldägelechen, bon ech wëll elo nët ze vill dovun zum Beschten gin, soss kréien ech nach e Prozess ugehaangen wéinst lèse majesté
Eng ganz uspriechend Opnaam, de Velofuerer am Poto ass a menge Ae net esou schlëmm, esou bass du wéinstens am Aklang mat der Gesetzgebung iwer den Dateschmutz, ech denken du hues do just am richtege Moment ofgedréckt fir de Cycliste esou op eng elegant Maneier ze anonymiséieren, Chapeau mat dem Aparillo net esou evident, an dai Besuch beim Ophtalmo huet nach Zait . Deng Foto mecht mer erem Loscht meng Hassi & co eraus ze huelen.
Daat mam Velofuerer hues de awer ganz elegant justifiéiert, merci Georges.
Waat mech bei der Kiev 60TL verwonnert huet ass daat erstaunlech hellt Sucherbild, méi hell wéi bei menger ex-Hasselblad 500 C/M oder menger Mamiya 645 1000S