Schéin! Ech fanne sou "stralend" Fotoen ëmmer neess flott an uspriechend. Fréier, am Analoge, war dat alles guer net sou evident, fir dat hinzekréie, wéi haut mam Digitale, wou ee kann nohëllefe fir den Effekt ze verstärken. Ech weess zwar elo net, ob s du do vill un de regeler gedréit hues, et ass och net relevant. Ech hun d'Remarque just gemaach, fir ze soen, datt d'Filmer a virun allem, déi automatesch Entwécklung am C41 beim Fotolabo bei sou enger Zort Foto net onbedingt dat resultat geliwwert huet, wat een erwart huet, beim Fotograféieren.
Merci fir däin Kommentar. Ech hun net vill missen un der Foto maachen, just Faarwtemperatur vun den Sonnenstrahlen en bessi méi waarm gemaach an liicht opgehällt.