Jo an awer muss et nët direkt mam Croisière's-Schëff sinn
Awerr dee Gustave Nadaud googlen ech elo emol, dee schéngt eng gewëss Maturitéit gehat ze hun.
Merci Jean-Jos. Ech war och nach nie op esou engem Scheff. Mein Dengen as mei den Camper.Die Foto hei hun ech virun en puer Joer zu Travemünde gemach. War awer ganz impressionant esou eppes emol vun mi no ze gesinn
Et si wierklech Monsteren, mir waren virun 10 Joer mat engem 'klenge' Schëff (500 Passagéier) op d'Lofoten an de Nordkap. Mir hun och en Halt zu Bergen gemacht an do stounge mir niewt enger rieseger AIDA: eist Schëff fir 500 Passagéier huet do dergéint wéi eng ëeschuel ausgesin
Travemünde a Rostock sin iwwrégens immens flott, mir waren virun e puer Joer do fir d'Hanse Sail ze kucken (an ze fotograféieren).