Eng Foto vum Planéit Plastikus aus der Galaxie Desolatio. Et kann ee bal nët gleewen, datt dat doten op eiser "schéiner Aerd" ass. Mais ob de Gletscher dowéinst manner séier schméilzt...?
A wéi sou dacks bei sou Biller, dee Paradox: di absurd"Goodwill"-Aktiounen oder d'Zerstéierung beim Ofbau vu Réistoffer liwweren di ästheteschst Motiver. Oder ass et just sou, datt mir di natirléch Schéinheeten nët méi erkennen oder wertschätze, well se einfach ze banal an ze gewinnt sin, a mir dofir sou "Extravaganze" wéi di heite, "schéi" fannen? A méditer!
Merci fir deng intressant Interpretatioun Nico.
Déi Planen gin all Joer dem Gletscher no ugepasst an nei geluecht, an ech wees net wéi et dee Moment ausgesäit. Jiddefalls esou spéit am Hierscht no de Summerméint war den Zoustand nach just desolat. Fir di allermeeschte Leit secherlech kee schéinen Ubléck. Vläicht och net fir jiddereen novolzéibar, fotografesch gesi, an als Momentopnahm hei am Reen, bedektem Himmel an en Deel Natur am Hannergrond huet di ganz Konstellatioun deen Abléck richteg gutt gepasst.
Ma da komm einfach mol neess méi reglméisseg heihinner kucken, Edy, a weis eis och mol neess e puer Fotoen. Irgendwéi muss de Photogen dach nach um Liewe gehal gin.
Dat freet mech, an d'Interpretatioun vun dengem Kommentar ass fir mech eng Éier.
Merci beaucoup Edy, a mam Nico senger Ureegung sin ech ebenfalls méi ewéi d'accord..!!
M?in l?scht Bild war e Selbstportrait, ech sot awer dat den "Treverer" op den Ausl?iser gedr?ckt huet. W?ll dat anscheinend g?int d'Reegelen hei verstouss huet, gouf ech vum Admin gebueden et er?m ze l?schen, wat ech och gemaach hunn.
Elo sinn ech op engem Site wou ech weisen d?erf wat ech w?ll