Meng Mamm soot ëmmer: Vun engem schéinen Teller ësst een sech net saat. Ech sinn och op Resultat vun Le Mans gespaant. Kucke mär emol op de Porsche duer hält
Eigentlech sinn ech jo en Porsche Fan, mä ob den neien 919 Hybrid mat sengem 2.0 Liter V4 Turbo Moto duerchhält muss sech nach weisen.
D' Eckdaten vun dësen Boliden sinn jo extrem interessant.
Den Toyota huet en 3.7 Liter V8 Sauger mat 520PS. Dozou kommen dann 480 Elektro-PS (352kW).
Beim Porsche 919 sinn et 503 PS aus engem 2.0 Liter Turbo an 250 PS Elektro-PS (184KW).
Toyota fiert an der 6 Mega Joule Klass an Porsche an der 8 Mega Joule Klass. Sou kann Porsche méi laang d' elektro Ënnerstëtzung notzen, mä huet dofir awer net grad souvill Elektro-Power.
Dat ass eng enorm elektresch Energie.
6 Mega Joule ginn duer vir en Toyota Aigo 60m riicht an d'Luucht ze schéissen.
Wann een dann bedenkt, dass en Synchronmotor säin vollt Dréimoment ab Drézuel entwéckelt, dann kann ee sech virstellen wat do vu Power dran stécht. Ouni elektronesch Helferlein ass déi Kraaft net ze doséieren.
Donieft ass jo dann och nach den Audi mat sengen sténkegen Mazoutsuewen (Sorry, sinn keen Dieselfan) ze vernoléissegen.
An der renger Power gesäit den Audi kee Land mä villäicht ass en méi zouverlässeg iwwer 24h.
Et gëtt op allefall Spannend.
Nach e kléngen Artikel iwwert den TS040
http://www.motorsport-total.com/wec/news/2014/03/toyota-ts040-mit-1000-ps-gegen-die-deutschen-14032701.html
merci fir d'Infos.Den Aigo 60m riicht an d'Lucht scheissen wier dach emol eng fir D'Mythbusters.Ech duerft firun kuerzem mat engem tesla Roadster mat fueren. Do mierkt een schon waat fir e Potential en E-Motor huet. Daat Dreimoment ass och de Problem bei Elektro Motorrieder.
Merci Fränk. Ech sinn secher wann dei längs Finne net drop wier ,wier en guernet emol esou ellen. Ech gesinn driwer ewäch. Sinn emol gespaant wei et an 2 Wochen zu Le Mans ausgeet