Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Flamingo reloaded (fir d'Jade

 
Flamingo reloaded (fir d'Jade
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.08.2007
  • Gekuckt:
    42664
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/160
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    600x696
  • Späicherplaz:
    244 KB
  • Originaldatum:
    30.07.2007
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=20827]
Kommentar vum Fotograf:
Nach eng Kéier deen Flamingo vun de Moien an des Kéier, wéi d'Jade virgeschlo huet, (plus ou moins) am carré cadréiert. Kent mer jo soen wéing der besser fannt.
Hei ass déi aner: Flamingo
bubabibe 06.08.2007 - 13:58
hei nee et deet mer leed, daat war deck ongewollt
ech wollt déi guer net vierschloen

aaah shit

nee et deet mer leed, daat war ongewollt, wierklech!!!


felix , et eet mer leed, ech wees och net, firwat ech sou blöd sinn, mee et war wierklech ongewollt!
sorry

daat war sou eng geeschtech absence
flexmex 06.08.2007 - 14:13
Jo déi geeschtech absence kent jo bei dir öfters vir smile
Ass net sou well. Entschelleg dech éischter bei den Topfoto-jury-memberen déi elo zousätzlech Aarbescht kridd hun (déi awer och schnell erledegt wärt sin. cool
Masterpii 06.08.2007 - 14:01
Dei aaner gefällt ma awer besser! Hei steiert mech och nach daat duerchsichtegt an der Rumm...
flexmex 06.08.2007 - 14:14
Mir gefällt déi aner och besser mee konnt jo naicht schueden se mol ropzelueden smile
JADE 06.08.2007 - 14:35
jo esou gesin ... vu dass ët nët méiglech ass een Carré draus ze machen fannen ech déi aaner am Verglach natierlech och besser ...
an awer ... kann een se och néiwteneen loossen ...

Merci och fir déi rapid "Wonsch"erfëllung ... closed_eye))
flexmex 06.08.2007 - 15:10
Hehe majo dat hun ech dach gaer gemaach smile
bubabibe 06.08.2007 - 14:04
ech wees och net, firwat ech daat gemat hunn,
ech wollt amfong eng bewärtung machen, mee dunn hunn ech se als topfotto proposéiertunhappy

ech sinn en kalleftongue
bubabibe 06.08.2007 - 14:06
mam neien cadrage wierkt se hei natierlech méi kompakt an net sou laaangsmile
GrAl 06.08.2007 - 16:31
Hei ass se op dat Wesentlecht reduzéiert gin wat a mengen Aen der Foto gudd det.
flexmex 06.08.2007 - 17:01
Ech fannen dass dat wat der Photo gudd deet awer och virun allem deen schéinen eleganten geschmeidegen Hals vum Déier ass. An déi elegant Pose, wei schon gesot gin ass, kent awer op deser photo eigentlech net rem. Oder?
JADE 06.08.2007 - 18:21
hmmmm ... dach, awer schon ... hei ass d'Pose och ganz elegant
also ech sin am "hin an hier" :-S ... fannen "close-up's" nähmlech immens flott ...
ech denken ech hun dëss awer léiwer ... an wees du firwaat??
majo, well ech mengen jidfereen den Hals matt drop geholl hätt ... ech och ! ... an dofir fannen ech dëss awer fir mäin Goût besser, mee déi 2 sin gutt! ... smile)

also d'Faarwen sin wierklech schéin ... haas och Chance mam HG, gell?

klengen Minuspunkt "just" ... ët fehlt en bessi un Schärft, oder gesin ech daat falsch?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 401 Gäscht online