Ganz oft gin ech deen selwechten Wee an der Staadt an nie ass en gleich. Eng Plaatz déi geschter flott Momenter haat kann Haut fuerchtbar langweileg sin. Am leiwsten hun ech dei onerwaarten Situatiounen, dei just een "clin d'%u0153il" daueren ... waat hun ech do schon gefucht
Et brauch halt vill Zeit, hoffebn mol dass ech där demnächst mol nees mei hun.
Haut, mat dem Dateschutz a mam Recht, nit ongefrot gekipst ze gin, ass et besser sou. Et muss een do extrem viirsiichteg sin. Besonnesch, wou eng Foto, déi een haut einfach sou mécht, an e puer Joer engem ka Problemer maache, well d'Legislatioun vun dann (déi mir haut mol nach guer nit um Schierm hun) méiglécherweis réckwierkend applizéiert gëtt. Et wier jo jo nit fir d'éischt, datt sou eppes geschitt.
ech gesinn daat net esou eng. Wichteg ass, keen ze weisen deen an enger oofwärtender Situatioun ass. Wann een sollt reklaméieren, geet et oft schon duer wann een d'Photo löscht.
d'fnac an der Staadt ass regelméisseg um Program wann ech mam Photoapparat dohier geeschteren. Do sin schon esou munch Variantenzu dëser entstaanen. Entschloss hun ech mech awer fier déi hei well ech mengen, dass se am beschten een Zesummenhang vun den Detailer erlaabt. Een Titel dofier ze fannen war och méi einfach wéi fier eng wou d'Persoun niewendrun leeft. Bon, daat ass meng iwweleeung.
An engem aaneren Forum (FR) ass se net esou gudd ukomm, mais bon, les goûts es les couleurs eben.