Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Candyman

 
Candyman
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.12.2023
  • Gekuckt:
    2821
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    10000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1200x1800
  • Späicherplaz:
    697 KB
  • Originaldatum:
    2023:11:18 17:28:58
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92934]
Kommentar vum Fotograf:
nees op der Plëss ennerwee
theom 06.12.2023 - 09:02
Eng Top Street
tormi 06.12.2023 - 12:59
merci theom, freet mech
Nicon07 06.12.2023 - 13:44
Wéi wier et mat engem quadratesche Kadrage? bigsmile Sou heut een d'Impressioun, du häss déch nit getraut fir méi no bäi ze goen. An d'Quadrat verhënnert déi relativ grouss onscharf Fläch am Virdergrond. Hannert dem knubbeleche Pawee ass nach genuch Reflexioun. An als läscht Argument: Klassesch Streetfotografen aus den 1950er an 1960er Joeren hun dacks mat enger Rolleiflex oder Hasselblad 500C fotograféiert. closed_eye
tormi 07.12.2023 - 05:57
Do sin Froen dobei, dei ech mier och gestallt hun, haaptsächlech dei grouss onschaarf Fläch wollt ech zum Schluss behaalen well d'Reflexiounen vun der Luut chic op den Stand gin. Oofgekierzt maachen se daat och awer net mei sou intensiv. Waat deng Fotoapparater ugeet hun ech net vill Ahnung, mä et mecht bestemmt Spaass wann een esou een huet an domadder eenz get. An jo, meng Hemmschwelle ass nach net wierklech oofgeluecht closed_eye
pixelman11 07.12.2023 - 14:55
Ech hätt se och esou gemaach, wanns de e gudde photograf wëlls gin, dann oppassen op déi pseudo Rotschléi vun aneren.
Nicon07 07.12.2023 - 19:40
Merci, pixelman. Ech sin definitiv ee schlechte Fotograf mat schlamme Rotschléi a gudde Geessen. Wou's du recht hues, hues du recht! (Dat ass eescht gemengt! nit ophuelen als irgendeng Frechheet oder sou, wann ech gelifft!)

Di Reflexioun ass effektiv bildentscheedend. Dofir ass méng Remarque eigentléch kee faule Rotschlo, mais eng Ureegung zu enger Discussioun, eng Ureegung fir eng méigléch Alternativ.
tormi 08.12.2023 - 10:59
Ech wärt nie vun mier behaapten en gudden Photograph ze sin, daat loossen ech aanerer entscheeden (an dann kennt et nach ferm drop un wien déi aaner sin). Annerer hier Meenungen zu mengen Fotoen sin mier awer wichteg, nët fier dann meng Fotoen direkt ze änneren mä vleicht mol eng aaner Vue vum deem ganzen ze kréien. Ech huelen Rotschléi mat op den Wee, verschaffen se awer no mengem Gusto well ech och net kopéieren, mä mier méin Stil ausbauen wëll.

Et freet mech awer, dass du d'Photo och esou gemaacht häss%uD83D%uDE0A
Knipser 09.12.2023 - 08:32

Ech freeë mech iwwer all Komentar hei zu menge Fotoen. Ech kann a wëll nach vill léieren.
Duerch déi Kommentaren hei hunn ech schonn vill geléiert.
Wann se allerdéngs net mengem Goût entspriechen, ignoréieren ech se einfach. 
Mir gefält des Foto gutt, ech hätt awer och ënnen e bëssi ewech geholl.
Les gouts et les couleurs...
tormi 09.12.2023 - 09:45
Merci Knipser,
an sech ass schon e bessi ewech geholl gin, sou sollt se bleiwen well dann och d'Luuten (dei een geseit an dei een net geseit) besser ausbalanceiert sin, och wann uewen riets eng ungeschnibbelt ass (daat weinst den Passanten ennert där Luut).


voilà, dest as fier mech eben och eng Plattform wou Luew an Kritik sech sollen positiv op dei eegen Entwecklung auswierken.

Les gouts et les couleurs ... bei s/w ass natiirlech och flott closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 488 Gäscht online