Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

City Tour VI

All Fotoen an dëser Serie:
48091 Thumbnail
48092 Thumbnail
48093 Thumbnail
48094 Thumbnail
48095 Thumbnail
City Tour VI
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.05.2023
  • Gekuckt:
    7924
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
    2023
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 33
  • Objektiv:
    Canon EF 28-135 f/3.5-5.6
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92568]
Kommentar vum Fotograf:
Kodak Trix-400 Klengbildfilm Negativscan
tormi 08.05.2023 - 15:41
Flott Serie, mat där eichter als Favorit, mier gefällt hei virun allem den Bleckwenkel. Mat deser Vue hues dei Plaatz exzellent an Szene gesaat. Et get een quasi an d'Photo eran gezun.

Bei där zweeter ass mier eng Grimmel Rauschen (ass Thema dës Woch closed_eye )zevill dran.
gemu 09.05.2023 - 08:45
2x en décke Merci Tom
Nicon07 09.05.2023 - 10:30
Solle mir nit mol eng Kéier ënnert eis, déi mir de Photogen fiddere Woch fir Woch, sou Themewochen ausschreiwen? All déi trei Useren, déi regelméisseg hei hir Fotoe weisen, du a méng Wéinegkeet, mir kéinten dach Sonndes Owes z.B. virschloen: "Dës Woch maache mir als Thema: Flou oder Saturation, oder Portrait, oder Street, oder BW, wst weess ech, an da lueden déi di wëllen, eng Foto zu deem Sujet rop. Dat alles niewent deem allgemenge Sënn vu Photogen. Et soll also nit sou ausaarten, datt kee méi eng Foto weist, déi net den "défi" entsprécht. Dat wier jo dann neess just de Contraire vun deem, wat ech mir virstellen. Mais et soll einfach eng kleng zousätzléch Motivatioun si, fir datt mir eis een um aanere moosse kënnen. Vläciht ass dat jo eng Iddi à laisser tomber vu mir?
tormi 09.05.2023 - 10:44
Mier gif esou eng kleng Wochenaufgab gefaalen. An daat esou wei's du et beschriwwen hues, ouni den normalen Verkeier vun Photogen ze steieren. Ech gif et just net esou beschreiwen, dass mier eis enereneen moossen, mä eben eisen pov vun dem jeweilegen Thema zum Beschten gin, deen natiirlech beschwaat soll/kann gin.
Wou gif dann esou een Thema bekannt gemaacht gin? Forum?
Nicon07 09.05.2023 - 10:57
Ech hoffe jo mol stark. datt hei ans dio een Admin vu Photogen hei matliest, an eis sou eng Kategorie kéint dobäisetzen, nee? closed_eye
tormi 09.05.2023 - 11:08
Bei Rendez-vous gif et jo hinpassen ....
Nicon07 09.05.2023 - 14:37
Dat wier eng Méigléchkeet, mais da muss awer och jidereen, deen do mat wëll maache, duer kucke goen. Mol kucken, ob nach hei Leit op dësen Chat reagéieren.
gemu 09.05.2023 - 17:51
Et wier op jiddefall e Versuch wäert, et fënnt ee schon e Moyen fir d'Thema ze annoncéieren, dorun wäert et bestëmmt net scheiteren.
Nicon07 09.05.2023 - 20:11
Dat mam Rendez-vous hei am Forum ass eng gutt Iddi.
Nicon07 09.05.2023 - 10:16
Op den alleréischte Bléck, ganz eendeiteg ee "Gemu"! Do gesäit een, datt et egal ass, ob ee Fotoe mat enger Leica M4 oder engem Reflex amateur débutant mécht. D'Resultat ass dat, wat zielt an dat gëtt wesentléch beaflosst vum Oeil du photographe.

Wéini méchs du eng Ausstellung vun deénge Street aus der Stad am Ratskeller vun Cercle? closed_eye
gemu 09.05.2023 - 17:47
Merci Nico, fir deng appréciatioun et freet mech dat meng empreinte esou duerchkënt
Zora 09.05.2023 - 19:16
Ah mol erem eng flott Street, hued e bessen hei gefeelt smile
gemu 09.05.2023 - 21:37
Merci Zora, jo ouni Leit wierkt et onrealistesch, de Problem ass dat een eben kee ze no virun d'Lëns krit unhappy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 354 Gäscht online