Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Analog vs. digital

All Fotoen an dëser Serie:
48084 Thumbnail
48085 Thumbnail
Analog vs. digital
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.05.2023
  • Gekuckt:
    5094
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92562]
Kommentar vum Fotograf:
zwee Mol Ribeira vu Porto vun de Cais de Gaia aus, eemol mat der Nikon Z7 digital an eemol mat der Nikon FM2 op Kodak Vison 3 200 ISO. De Kodak Vison 3 ass ee Kinofilm, deen an dësem Fall vu Sunbath fir Fotoapparater konditionnéiert gin ass. Wéinst dem Remjet kann een deen nit am C41 entwéckele mais just am ECN2.

och wann di digital Foto éischter der reeller Licht- a Farfsituatiou op der Plz entsprécht, sou hun ech dach de rendu vum analoge Film een Tick léiwer. Mais dat ass affaire de goût.
wuff 02.05.2023 - 05:40
Déi zweet gefält mir besser well se méi waarm Faarwen huet.
Nicon07 02.05.2023 - 08:16
Genee dat wollt ech weisen hei. Natirléch kann een den digitale RAW sou behandelen, datt een och mi warm Faarwe kritt, awer hei hun ech express di kameraintern Astellunge glooss fir ze vergläichen. Merci fir de Kommentar, Mike.
gemu 02.05.2023 - 12:54
Meng Meenung känns du, fir mech geet naischzt iwer eng analog Foto zemols wa se och nach op edelem Fotopapeier gedréckt ass, se huet einfach méi touch net esou klinesch wéi digital.
Nicon07 02.05.2023 - 19:36
Genee sou, Georges!

Merci!
Paul-H 03.05.2023 - 00:28
Nee, net genauso Nico, daat dooten ass eng riicht an Gladder un déi wou Digitalfotografir beherrschen.
Nicon07 03.05.2023 - 08:41
Also och eng an d'Gladder fir méch selwer, Pol. closed_eye

Fir datt elo hei nit eskaléiert, well dofir versti mir eis jo awer zevill gutt: Ech maache méi digital Fotoe, wéi analoger, an ech genéissen et, fir do d'"Fräiheet" ze hu, fir mat de RAW-Files alles (oder bal) ze maache, bis datt ech eng Foto hun, déi ménge Kritären no, präsentabel ass. An ech printen der vill vun deenen raus a maache Fotobicher dovunner. An op Pabeier gëllt dat selwécht fir digital Fotoe, wéi dat, wat de Georges hei geschriwwen huet, nämléch, datt se méi Touch hun. Deemno war mäi "Genee sou" manner geduecht, fir ze soen, datt analog Fotografie besser wéi digital Fotografie ass, als wéi datt eng Foto op Pabeier gedréckt, méi uspriechend ass (oder ka sin), wéi op engem Ecran.
Paul-H 02.05.2023 - 22:57
Wéi den Nico selwer geschriwen huet, och enger digitaler Foto kann een an e puer Sekonnen méi Wärmt gin.
Et ass vun dohir absolut falsch wann een seet dass digital Fotoen klinesch wierken. Et kennt emmer drop un wei een se verschafft . Verschaffen vun enger digitaler Foto ass näischt aaneschters wei eng Entwecklung vun enger analoger. Et kann een se entweder opwerten oder verschlemmbesseren.
Nicon07 03.05.2023 - 08:57
Dat ass genee dat, wéi ech et och gesi, Pol. Eng Foto ass ëmmer d'Resultat, vun deem, deen déi latent Bildinformatiounen siichtbar mécht an interpretéiert. An dat ass bei der analoger Fotografie de chemeschen Entwéckler (s/w, C41 oder ECN2), de Scanner (gnaz entscheedend!) an de Fotoveraarbéchtungsprogramm um Computer (Calibratioun a Modell vum Ecran nit ze vergiessen). Da kommen d'Präferenze vum Manipulateur dobei. An, - dat mécht mir e bëssen Angscht, well ech nit weess, wéi wäit ech do scho manipuléiert sin - di aktuell LR a PS an DxO & Co, déi schon zimmléch vill AI u Bord hun an a ménger Plaz Entscheedungen treffen, wou ech mol nit weess, datt se se getraff hun. Bsp: Wann ech kucke, wéi schlecht d'Qualitéit virun 10 Joer vu ménge Fotoe mat der Nikon D 80 waren a wéi aarmeséilech de Lightroom vun deemols mat deene RAW eenz gin ass, a wann ech dann di selécht RAW mam LR vun haut "entwéckelen", da leie Welten dotëscht. Da sin déi Infos, déi den 10 Mpx Capteur vun deemols opgeholl huet, awer nach fir eppes Anstänneches ze gebrauchen. Do muss ee séch da froen, wéivill dovunner mécht d'AI haut, a wat bleift nach fir eis Manipulateuren iwwreg. An dat selwécht gëllt haut och fir d'analog Fotografie, wa mir d'Negativer digitaliséieren.

Mais: dat kann een dach och alles an der Dunkelkammer beim Tirage och manipuléieren. Et ass schon nit vun Ongeféier, datt grouss a berümt Fotografen hier Tireurs haten. closed_eye
Nicon07 03.05.2023 - 09:20
Ech wollt mol Iech hei Merci soe, fir är Kommentarer. Genee dat, war méng Absicht, eng konstruktiv Diskussioun unzestoussen.

Ech war mir och vu viir era bewosst, datt dat déi Fotoen hei nit objektiv gekuckt kënne gi, well si si jo nit objektiv. Béid Fotoe si jo duerch e puer Filtere gaangen.

Déi digital RAW si jo awer nit wierkléch RAW, well de Boîtier (Z7) schon eng "standardiséiert" Versioun erausgëtt, déi de Virastellungen entsprécht (autoWB z.B.) Da kënnt dobäi, mat wéi engem Logiciel een d'Biller vun der Kaart importéiert (bei mir ass dat den Nikon Transfer), duerno huet een am Lightroom de Choix tëscht Adobe-RAW oder Camera-Raw (bei mir d'Astellunge vum Boîtier). Ech kéint awer och de Flux weider mat DxO Pure Raw oder DxO PhotoLab maachen. An dat géif da schon neess aaner Resultater gin. An dann hun ech jo mol nach guer nit ugefaange mat Equilibrage vun de Schieder an de Liichter. A wann ech da ganz wäit goe wëll, da loossen ech d'Foto duerch AnalogEffex laafen a simuléieren ee Rendu vun engem Fotofilm.

Bei den analoge Filmer ass de Manipulatiounsprozess nit vill aanescht. Do geet et schon un domadder, wéi ee Labo dir déng Filmer entwéckelt (am Fall vu Farffotografie), wéi ee Scanner déi hun (Flaachbried oder Filmscanner; an dann d'Marque an innerhalb vun der Marque de Modell), an ob déi Persoun, déi scannt, schon den Tiff, jpeg oder DNG viirequilibréiert oder nit, asw... Bref: à vous de conclure! closed_eye
Paul-H 05.05.2023 - 14:47
An zu gudder Lescht:

The eye makes the picture, not the camera (Gisèle Freund)
Nicon07 05.05.2023 - 20:30
Déi Remarque ass di bescht.

Dat do ass elo zwar wuel fir de Reim, mais awer ech stin dozou: eng besser Konklusiioun zu där Discussioun hei kann een nit gin.

Schéine WE plus Feierdaag!
Paul-H 05.05.2023 - 21:06
Merci gläichfals.
LeeLee 04.05.2023 - 20:57
Wien brauch eng Z7? Natierlech gefällt mir di 2. besser closed_eye

Betreffend de Vision, geet och am Standard-C41, natierlech just doheem mat engem klengen Pre-Bath (Rezept bei Kodak an den Dateblieder vum ECN2). De Remjet geet domadder wéi duech Zauberei fort. Ech entwickelen deelweis normal C41 Filmer a Kinosfilmer mateneen. D'Kinosfilmer gi just fierdrun separat duech de Remjet-Remover a gin dann fier d'Entwicklung kombinéiert.

A wann een di Photoen do am RA-4 (analog) op Pabeier beliicht, da gleef mer, da steet de Leit d'Schness wäit op, wann et richteg gemaach ass. Natierlech, et ass verdammt vill Aarbecht a geet an d'Geld. Mee wann déng eege Schness an der Dunkelkammer quasi an d'Wässerungsschossel fällt, wann s de d'Luucht u mechs, da gesäis de dass et derwäert ass.

An da fier de nächsten Ausfluch: dat digitalt einfach doheem loossen ... . Gleef mer, et geet closed_eye

Nicon07 04.05.2023 - 22:17
Ech gi well hei am L?ndche méi dacks just analog op den Tour, wéi digital. A loossen dat digitalt heiheem. Mais ganz ouni Capteur geet dann awer nit. Dat h?ngt vum Sujet of. Do ass de workflow duerno dann awer méi séier a manner opwänneg. closed_eye An u Farfentwécklung trauen ech méch dann awer nit run. A mir hun an eisem Haus kee Raum, deen een 100% däischter kritt, also Vergréisseren an op Pabeier zéie geet och nit.

Ech si souwisou lo ganz back to the roots zanter ech eng Nikon S2 hun.


Merci fir de Kommentar.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 381 Gäscht online