Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Pointe des Buffettes

 
Pointe des Buffettes
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.03.2023
  • Gekuckt:
    6514
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x1800
  • Späicherplaz:
    1035 KB
  • Originaldatum:
    2023:02:13 14:26:56
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92494]
Kommentar vum Fotograf:
D' Arc uewerhalb vun Bonneval sur Arc mat vue op dei 3233m heich Pointe des Buffettes, en Bierg aus dem Vanoise Massiv. Direkt niewent dem Col de l'Iseran, den mat 2770m Heicht deen hëchsten Pass vun den Alpen ass.

Herrlech Géigend och fier dei, dei net Ski fueren.
marker 07.03.2023 - 19:29
Eng herrlech Landschaftsopnahm, hei gekonnt an d'Bild gesat mat enger intressanter Déift..!
tormi 07.03.2023 - 21:36
Villmols merci Marc, freet mech wann se gefällt
Nicon07 07.03.2023 - 20:35
Ee farwechen Ansel Adams, fannen ech mol. Wéi aus engem Léierbuch. An dat ass hei guer nit negativ connotéiert. Bravo!
tormi 07.03.2023 - 21:35
Villmols merci fier d'Blummen, freet mech wann se gefällt.
tormi 08.03.2023 - 10:52
hmmm, giff mech gären mat dem Adams sengem Fotomaterial gesinn ....
Nicon07 08.03.2023 - 12:34
Kuck dem Marker säi Useravatarbild! Dann hues du dem Ansel séng Kamera. Ech hat eemol, mat méngem Schwoer zesummen, fir d%u2019grouss Vakanz eng Linhoff Technika ausgeléint. Wann do de Balgen dicht gewiescht wier, hätt mir flott Fotoe gemaach. 9X13 Negativplakken ass schon impressionnant. smile
marker 08.03.2023 - 20:00
..dat duecht ech och viru lo geschwënn 40 Joer closed_eye
..kuck emol hei!
tormi 09.03.2023 - 08:00
oh mei, nee, do kann ech net matspillen ...

awer selwer gebaut? Respekt!
marker 09.03.2023 - 11:43
..''awer selwer gebaut? '' ...awer sécher, an en plus ee Vergréisserer fir Planfilm mat Beliichtungs-Zäitauer fir de Fotopabeier. Deemools konnt ee senger Kreativitéit nach fräie Laaf loossen, net ewéi haut wou ee fir bal alles eng sougenannten '' Äρρ '' closed_eye brauch, ..oder och net!
Merci Tom.
Nicon07 09.03.2023 - 08:40
An da brauch een haut « KI » fir gutt Fotoen ze maache mat Digicams. unhappy

marker 09.03.2023 - 12:04
Jop, an d'Resultater sin exzellent, an dat mat wesentlech manner Opwand ewéi een equivalent Resultat op Film, respektiv op Fotopabeier.
No iwwer 40 Joer an der Dunkelkammer muss ech et agestoen an zouginn, et ass awer nun emol esou, ...de fotografesche Fortschrëtt eben..
Parallel dozou, an trotz all deem huet d'analog Fotografie nach ëmmer Bestand an hier Berechtigung waat och gutt esou ass!
tormi 12.03.2023 - 10:51
iergendwei witzeg, dei eenzeg faarweg Foto vun deser Woch "ass" en faarwegen Ansel Adams. Daat ass e bessi sou wei dem Marcel Marceau seng Roll am Mel Brooks sengem Silent Movie.
Nicon07 12.03.2023 - 12:19
Wann den A.A. haut géing liewen, géif hie betëmmt farweg Fotoe maachen, deemno ass dat hei "de bonne guerre". smile
theom 09.03.2023 - 15:50
Ganz flott Opnahm, mir schengt se fir eng Schnéilandschaft een ticken ze warm
an der Farvtemperatur.
tormi 09.03.2023 - 16:20
Villmols merci ,

tatsächlech ass um Temperaturregler gedreiht gin. Daat haaptsächlech ënnen an den Steng. D'Lärchen,dei do iwerall stin, hun duerch d'Sonnenastrahlung en giel orangen Schimmer kritt, deen Faarwtoun wollt ech eben an den Steng wiederhuelen fier dass d'Foto mei eenheetlech wierkt.
D'Sonn war, eigentlech dei ganz Woch, richteg an Form, mier sin do op Ronn 1800m bei 13-14°C ronderemgelaaft.
gemu 10.03.2023 - 15:51
Eng flott Entrée an d'Bild an eng excellent finale
tormi 10.03.2023 - 18:56
merci Georges, och dei Kommentar freet mech

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 256 Gäscht online