Kommentar vum Fotograf:
Ech hat haut eng Formatioun am CNA am Starlight. Wat läit do méi no, dovunner ze profitéiere, wann een als "Cowboy" aus dem "Wëlle Westen" am Minett ënnerwee ass, a besonnesch an den CNA geet, fir op mannst ee Boîtier matzehulen. Ënner aanerem hat ech och mäi gudden aalen Canon A1 mat, op deem ech méng nei Occasioun, ee Canon F 35-70mm 1:4 fir een éischten Test montéiert hat.
De Rollei RPX400 hun ech de Mëtteg am Rollei Supergrain entwéckelt.