Ass schon eng super Machin, mam Holzgrëff kriss de richteg Schwong drop a gëss och domat net iwerfall am Stadpark. Ech gesin awer lo e Feeler do steet 6x7 an d'Bild waat beim fisheyeselfie eraus kënnt ass 6x6, mengen du muss se zréckschécken
So dat nët! Ech hat schon eng Paniksituatioun domadder... Durch méng Schold an alles ass gudd ausgaangen... Uff! Ech hat et dach net färdegbruecht, beim Filmrraushuelen, mat de Fanger un de Rideau ze kommen an do war dee schon e bësse getéischt... Gott sei Dank huet séch di Saach awer neess geléist, wéi ech eemol ausgeléist hun an de Rideau neess a séng Féierungsschinnen agesprongen ass... An dat alles, well de Portra de Pechbännchen mat Exposed mat oprullt an een dann de Film neess e bësse lass muss rullen...
Iwwregens wier dat nach eng Marktlücke, déi ee fëlle kéint, een ovalt Fischeye-Objektiv ...
D'Pentax 6x7 oder 67, respektiv 67 II wei se sp?ider geheescht huet, war an de Seventies an Eighties an der britescher Trainspotterszen the machine to have. Du bass also elo optimal équipéiert...
Wann d'Brexiters demols eng japanesch Kamera konnten benotzen fir britesch Zich oofzeliichten, da kanns du se secher ouni weideres bei lëtzebuergeschen Zich asetzen, och ouni englesche Film. Ech benotzen haut am Mëttelformat haaptsächlech den Rollei RPX 100, mais do gin ët Gerüchter dass den vun Harman Technology Ltd produzéiert gët, womat mer dann erëm bei de Brexiters wären...
A wat soll ech da soe, wann ech a ménger russescher (sovietescher?) Lomo Lubitel 166 een Ilford (och vun Harman Tech Ltd) verknipsen? Do stécht jo nach nodréigléch kaale Krich dran...