Déi däischter Stëmmung an héije Kontrast verleeden dem naasse Wee eng intressant Kontur. Beim betruechten vun däer heller Sträif, wou ausgesäit wéi een Halo déi de Bësch vun de Wolleken trennt gin ech dovunner aus dat den Himmel ofgedonkelt gouf, ...et gesäit dowéinst e bëssen no Donst oder Niwwel aus iwwerem Horizont a stéiert deemno absolut net, au contraire, et passt bei d'Gesamtbild.
Gutt gemach
Ech kann dir et net soen, ob deen "Halo" do vun der Bea hierkënnt oder ob et den effektiv demols präsenten Niwwel ass... Et ass jo am Fong, wéi's du seess, irrelevant, well et jo net stéiert. Du misst méch jo awer fotografesch gesi, genuch kenne, fir ze wëssen, datt ech di Foto hei ni gewisen hätt, wann deen Effekt do d'Iwwerhand huele géing...
"...du misst méch jo awer fotografesch gesi, genuch kenne,..." Jop, natierlech Nico, ech hun däi gesamte Post-Prozess, an ënner anerem den Agrëff mam ofdonkelen vum Himmel jo am positive Sënn gemengt, ..an dovir jo och meng meng Interpretatioun mat "GUTT GEMACH!"