Egal wéi een et dréint, do get Zäit awer nach ganz laang, deen Zuch ass definitiv eidel um Schuman zu Bréissel fortgefuer an en neie Fahrplan ass nach net eraus
Sou laang et nët mat deem Zuch geet, wéi mat deem am Dürrenmatt sénger Geschicht, deen an een Tunnel rafiert, deen nët méi ophält a wou ... Nee, ech spoileren elo net. Wien déi Geschicht net kennt, dee fënnt direkt bei der shared encyclopedia mat W direkt alles, wat e wësse wëll doriwwer.
Schéi kromm kann och schéi sinn, an en plus de Pavé ganz dynamesch am "S" verluegt...
Wéi zoutreffend has de deng Serie, déi's de nach virun e puer Méint hei gepost has, a wou dëst Bild mat vertrueden war betitelt.. "Gemittlech Doheem"
Leider huet sech villes aneschters entwéckelt wéi geduecht, an entretemps fënnt et kee méi gemittlech, weder d'Gäscht, a ganz besonnesch net déi, déi vun de Gäscht ofhängeg sinn!
Mon Dieu, ass daat schon den effet vum Corona, ech wor iwerzécht dat ech dës Foto nach net hei gewisen hun wéi kann een esou vergiesslech gin, du känns meng Galerie jo besser wéi ech, daat freet mech, trotzem machen ech mer awer lo geschwënn Suergen Merci awer fir däin flotten 'aktualiséierten' Kommentar Marc