Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

't Nei Bréck

't Nei Bréck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.01.2021
  • Gekuckt:
    20830
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x808
  • Späicherplaz:
    595 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon F6
  • Programm:
  • Objektiv:
    AF-S 50mm 1:1,4G
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Film: Lolography Lady Grey 400

Fir anzesetzen: [pg_img=91072]
Kommentar vum Fotograf:
An der Stad ënnerwee mat der Nikon F6 an dem Lomography Lady Grey 400
Jean-Jos 14.01.2021 - 17:29
Lomography Lady Grey 400 huet mer näischt gesoot (ech hu mech scho lang nët méi mat analog beschäftegt ) an dofir hun ech mech lo mol schlau gemacht. An der Beschreiwung steet ë.a. " promet un grain lisse ", ech fannen de grain allerdéngs méi hard wéi esou, woubäi dat bei däerer 'Retro'-Vue (wann een de Palais de justice nët geséich, kéint et och eng Foto vu viru ville Joere sin) hei awer gutt passt. Gefällt mir.
Nicon07 15.01.2021 - 19:06
Merci, Jean-Paul. Dee "Grain lisse" ass relativ. Ech hu jo am Lightroom an am Photoshop nach de scan nobeiicht. Ech muss mol d'Negativ selwer scannen amplaz méch mat deem zefridden ze gin, deen ech vu méngem Fotograf des vertrauens maache gelooss hun. Mais wann ech se maachen, ass ëmmer su vill scratch an dust drop...
gemu 16.01.2021 - 12:49
Wéi de Jean-Jos et esou treffend formuléiert huet, eng flott "Retro-Vue" wéi viru ville Joere", par contre de Palais de justice stéiert méch guer net, ech hun e fräit Gewëssen closed_eye
Nicon07 16.01.2021 - 20:31
Wann de Palais de Justice elo wéi de Forum Royal ausgeséich, dat wier problematesch... Oder wann d'"Bâloise" nach géing do stoen.. Mais ou ass dat dach awer schon "historiséierend" an deemno passt et an d'Silhouette vum UNESCO Weltkulturierwen... bigsmile
marker 18.01.2021 - 10:35
D'Vue an d'Compositioun fannen ech am allgemengen gutt gelongen, just d'Bild hei huet fir mäi Gôut een ze vill agressiven an onreegelméissege Grain, primär am Himmel. Dofir kann's du sécherlech net, ..et ass éischter esou dat analog hautdesdaags nach just een 'Nischeprodukt' ass fir d'Laboen, wou mat käschtegënschtegen Chemikalien no 08/15 plus Rotatioun entwéckelen, egal wéi eng Mark vu Film an Empfindlechkeet, alles matenenn an eng Britt, an dobäi reagéiert net all Film onbedingt positiv, besonnesch Klengbild.
Nicon07 18.01.2021 - 12:34
An du muss Gedold hu, bis du däi Film remkriss...Fir deen hei hun ech ee ganze Mount gewart.

Dofir hun ech mir lo mol Equipement fir selwer ze entwéckele kaaft.

marker 03.02.2021 - 11:12
Sécherlech eng intressant Erausfuerderung, ..jiddefalls bon succès, ..si gespaant op éischt Resultater.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 397 Gäscht online