Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Wéi ass et mam Geliits?

All Fotoen an dëser Serie:
47162 Thumbnail
47163 Thumbnail
47164 Thumbnail
47165 Thumbnail
Wéi ass et mam Geliits?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.12.2020
  • Gekuckt:
    21621
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    28/12/2020
  • Fotoapparat:
    SAMSUNG S8+
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91040]
Kommentar vum Fotograf:
Leiss a Fléi a Fousspilz als Waff géint de Covid! Aktuell leeft op Uerder vun der Regierung eng landeswäit Etüd doriwer a mir alleguer sin d'Probanten.
Nicon07 31.12.2020 - 18:19
Wat ass essentiell? Wat ass d'Wiese vun de Saachen, déi een elo net ze brauchen huet? Kärzeliicht an de Raunuechten? Nö, mir hu jo de Kurang elekrtik... Mais wat, wann de Stroum "fortgeet"? (o wat ass eis Sprooch dach esou flott!)... Hoer fierwe, wee brauch dat? ?Ennendrënner si mi dach all gro, äh, gläich. ... Strëmp, (oder Huesen, je nodeem) brauch een och net, well et geet ee jo net virun d'Diir, a wann ee séng Neel nët ka pëtzen, da rappt een och kee Lach an d'Kotténgsnuesen...

Mais et gesäit een awer, datt an deem Buttik do richteg Francophonen doheem sin... eiseree géif dach Merci pouaah vottre compréhonsion schreiwen, gell?... smile
gemu 31.12.2020 - 23:40
Merci Nico fir deng flott Analys an di déifgräifend Iwerleeungen. Esou gesin hues de absolut recht. Daat sin alles Sachen déi de Moment kee Mënsch wirklech brauch, weinst dem Mondschutz kann een och souguer ganz op Zahnpasta an Zännbiischt verzichten, waat mécht een eigentlech nach mat Botzgeschier wa kee Besuch ka kommen, daat eenzegt waat se eis awer net dierfen huelen, daat ass den Toilettepapeier soss si mer dann awer definitiv ganz am A.... schliesslech musse mer elo Reserve machen fir di 3. Well closed_eye
Nicon07 01.01.2021 - 11:27
An d'Hief an d'Miel muss och bleiwe, fir datt mir fir den Noutfall een Toilettepabeierskuck bake kënnen... bigsmile
gemu 01.01.2021 - 18:58
smile
Nicon07 01.01.2021 - 19:52
By the way... Ech géing awer trotz Mond-Nues-Protektioun net op Zännseef a -biischt renoncéiere, oder wëlls du wirkléch enges Daags déngem(r) Zänndokter(esch) déng Suen droen?... bigsmile
gemu 02.01.2021 - 11:21
Liewen a liewe loossen, den Zänndokter huet bestëmmt näischt dogéintclosed_eye, déi hun et schliesslech de Moment och immens schwéier
Nicon07 02.01.2021 - 11:53
Dat nennt ee Soildaritéit...! closed_eye
gemu 02.01.2021 - 11:55
Gëll! Mäin gudde Viirsaatz fir dëst Joer direkt praktesch ëmgesaat closed_eye
Nicon07 02.01.2021 - 13:09
Lo setzen ech och mäi Virsaatz ëm a gin eraus an d%u2019Loft méch bewegen... Accessoirement hu ech jo masseg Schnéi hei!
marker 01.01.2021 - 12:29
Gutt dokumentéiert, ..ouni Wierder, ..awer @ Georges & Nico, är Kommentaren sinn de Glanz a kënnen bal net zoutreffender sinn.
gemu 01.01.2021 - 18:57
Et gi Momenter am Liewen, an däer sin et ëmmer méi, do muss een einfach de ganz normalen Wahnsin op d'Spëtzt dreiwen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 489 Gäscht online