Du lees d'Lat schonns zimlech héich direkt am Ufank Schluck.
Hunn awer lo ,mol misste kucken, mat wat engem Apparat dëst Bild gemeet gouf: dat rauscht jo sou vill wéi matt menger 60d! Sou staark ënnerbeliicht bei ISO320?
Ass ee gewéinlechen Äisvullportrait , näischt aussergewéinleches.
Gëschter woar guer keng Luucht an hat net obgepasst an d'ISOën nach ob 320 stoen .. wéi ech ët gemierkt hun woar en schon nees fort. Dofir hun ech missen am LR 2-3 Blenden pushen an dofir d'Rauschen um schwarzen Wasser.
Schein deen doten, gefällt ma Gud ! Bei dem Wieder asset net einfach gud Biller hinzekreien, well Belichtung ass am Moment Katastrophal..
Wor de Freiden och do, wat helste hei vunner : Eisvull hei misst Esh leider mat 3200 Iso schaffen op 700 mm Blend 5,6..
Dat doen ass e supert Resultat, wann een bedenkt ewéi gro an düster et e Samsteg war...
Bei der doten Perspektiv könnt säi schéint Plomekleed gutt zur Geltung, an hieft sech a senger Faarwepracht schéin oof vun dem groen Hannergrond. Gefält mer ganz gutt!
Jo, den "Emstänn" entschpriechend... Hunn awer och lo gemierkt dass ech mat dem MacBook Pro mam Retina muss besser ob d'BEA obpassen .. vu que dass ech lo keen normalen Bildschirm méi hunn fällt ët mer nët sou richteg ob dass ee Bild komplett iwwerschärft ass. Merci Marc
Du wunns jo do an der Noperschaft .. kuck emol ob Ornitho.lu Wann d'Wierder gutt ass sinn ech zimmlech oft do ze fannen .. villeicht begeint een sech jo mol
Wann's de ën bis eng keier gesinn hues ass ët mengen ech méi einfach .. ech hunn ën virdrun och nach nie gesinn gehaat masi elo gesinn ech ën baal all kéiers wann ech do sinn