Den Auto, den ech am längsten haat - vun März 2003 bis Abrëll 2011 - hei ganz klassesch analog oofgeliicht an é bëssen méi onüblech kadréiert (6x6 vollt Negativformat, September 2010, wann ech mech richteg errënneren...)
Daat war éen aus dem éischten Batch déi op Lëtzelbuerg komm sin... Ech hun en eigentlech just kaaf, well ech héich an hëlleg versprach kruut, dass ët nie eng Coupéversioun gi wärt, waat, wéi mer haut wëssen, jo dann awer nët esou war...
Ë bëssen flach mengs de... euh ech weess nët, kuck emol, do ass vu wäiss bis zum déifste Schwaarz d'ganz Tounwertskala dran, oder mengen ech daat nemmen... A fiir é Scan vun engem SW Negativ nodréigelech a farweg ze transforméieren ass nët esou einfach... Déi Saach mam Kadarge, eh ben ça se discute...
Du bass awer schéi streng... also elo seriö, de Problem mengen ech läit um Himmel. Wanns de mat engem panchromatesche Film e bloen Himmel knips, da gët den ëmmer vill ze blatzesch. Ofhëllef as, je no gewënschtem Effekt, é Giel- Orange- oder Routfilter. Haat ech hei awer nët, a fiir dass d'Woleken trotzdem sollen erauskommen, hun ech am PS ë bëssen nogehollef, an doduerch hun se é klenge Groschleier kruut...
jo mais daat kanns de jo awer mat e bessi kontrat änneren, an den enneschten Deel maskeieren.
Et as jo emmer deng Decisioun, ech kann der just soen waat mier net onbedingt 100% gefällt Jaycee. Ech fannen den spectrum as net ausgefellt. Fier mein Gout zevill grotein an net genuch weiss.
Teschnesch gesin ech keen Probleem daat ze änneren. Mais dier muss se gefaalen, et as e Souvenir un deng Machin
Daat ass ët eben waat mech ëmmer oofschreckt, Kompikatiounen mat Masken asw; daat war schon zu Aanalogzäiten esou beim Printen, waat hun ech ët gehaasst oofzewedelen, nozebeliichten a waat och ëmmer... Daat ass och d'Haaptursaach fiirwaat meng Biller demols an och nach haut nie iwer d'Mëttelmooss erauskomm sin... Wann ech emol eng Kéier pensionéiert sin, hun ech vläicht méi Zäit fiir mech seriö dohannert ze klemmen...
Merci Marcus fiir de feedback
Ma Hautzudaags am Photoshop as daat jo awer en minimalen Obwand ... also gellt den Excuse guer net ... souguer den Ed get eenz dermat an deen as aal ... mei leiwe Schung ... sou aal ges du net !
Et as einfach schuet sech deem ze entzeien, daat wier wei wansn de freier deng Analog Fotoen an en Automat gedroen häss fier ze entweckelen ! Oder net ?
Flotten Auto..
Cadrage kann ech domadden liewen awer leider net dass en ungeschnidden ass, daat brengt mengern Meenung no der Foto naicht intressantes.
lg
Duerch den oofgeschnidden Eck hun ech den Androck, wéi wann den Auto an d'Bild erarutscht. Ech hu nach e Negativ wou den Eck nët ofgeschnidden ass, mat méi Himmel a manner Wis. Mir schéint daat Bild méi steif, mais daat gesäit wuel jidderen aanescht. Merci fir de feedback.