Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Got a Ladyshave?

 
All Fotoen an dëser Serie:
16089 Thumbnail
16090 Thumbnail
16091 Thumbnail
Got a Ladyshave?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.05.2011
  • Gekuckt:
    19164
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Originaldatum:
    10.05.2011
  • Fotoapparat:
    EOS 50D avec des trucs pas marrants sur le capteur
  • Objektiv:
    MPE 65mm
Kategorie: Déieren »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55589]
Kommentar vum Fotograf:
Gutt, dass mer en Titel agefall as. Ob alle Fall muss ech nach nosichen waat genau et as. Se koum mer bekannt fir, mee lo sinn ech nemmi secher.

---

As matt dem üblechen Equipment geholl. Des Keier hun ech just matt evaluativem Metering schafft, waat eng gutt entscheedung war, an matt ganz staark reduzeierter Bletzstärkt. Sinn awer nach net zefridden matt der Qualiteit. Ech denken et as un der Zait sech mei dem diffusing ze widmen. Un de Reflexiounen gesait een d'Verbesserungsmeiglechkeet.

All Photo as matt 2,5x Vergreisserung geholl. FEC leit teschend -2 an -1 1/3. F11 bis F13.
Abacab 19.05.2011 - 23:37
Wow!
g3ckko 21.05.2011 - 12:25
smile
JADE 20.05.2011 - 01:08
ech géing déi direkt laseren smile

dann sin och all Härercher definitiv fort ...
awer och (an zemols!!) d'Béischt selwer !! bigsmile

impressionant ... mee trotzdem pfuiiiiii
g3ckko 21.05.2011 - 12:27
Wann ech matt PG.lu färdeg sinn, dann hudd der alleguer ären Degout/Angscht virun Spannen obginn :p
Zora 20.05.2011 - 06:51
Sou kleng an awer esou gruseleg, schein Obnahmenclosed_eye
g3ckko 21.05.2011 - 12:28
Merci smile Se as dach net gruseleg, se strahlt an hierer faarweger Pracht! smile
bigmama19420205 20.05.2011 - 07:38
Eeckehaft, ma gut fotographëiertclosed_eye
g3ckko 21.05.2011 - 12:28
Merci vun mir! closed_eye
Schluck 20.05.2011 - 08:52
Super, wei een ët vun denger Biller gewinnt ass, mat Wues am Platz Ladyshave ... geng bestëmmt gudd doen bigsmile bigsmile.

Schaffs de nach ëmmer mat dengen selwer gebastelten Diffuserën ? Ech haat de bestallt an sinn am Fong ganz zefridden mat dennen. Et ass effektiv immens schweier den Blëtz an den Grëff ze kreien, besonnnech bei dengen Biller wou's de sou no drun bass ass ët betëmmt nach eng ganz anner Geschicht.

Eng fro nach ... sinn ët "Single Shoten" oder "Billerstacks" ?
g3ckko 21.05.2011 - 12:42
Jo et sinn nach emmer dei 20 cent diffuser. Dei ginn awer am Laaf vun der Woch ersaat. Et muss och en Gerüst vun RRS hier, sou dass mer mei Beliichtungsmeiglechkeeten offen stinn.

As alles een Bild. Stacks ginn verdammt gutt Resultater mee et as quasi onmeiglech ze implementeieren, wann een an der Natur ennerwee as. Vill Insekten zucken wann de Bletz ausgeleist get, de Wand helleft absolut net, d'Nervositeit vun den Insekten an zidderen vum Photograph och net.

Ech haat eng Keier eng Photo vun engem Club ob deviantart refuseiert kruut, matt dem Grond, dass net genuch Deiftenschärft vorhanden wier an matt dem Verbesserungsvirschlag dass ech stacken sollt... als Beispill kruut ech eng fantasteg 5x Photo vun enger Blaadlaus gescheckt... en Deier waat sech esouvill beweegt an sensible as wei en ausgebrannten Zweetweltkrichspanzer...

Also Stacks sinn Quasi nemmen ennert Studiokonditiounen meiglech. Ech sinn awer definitiv drun interesseiert an well et schon seit laangem probeieren... froen mech halt just matt weiengem Subject smile
Schluck 25.05.2011 - 15:24
Jo, ech hun mech dat och schon gefroot wéi een dat soll un engem liewegen Sujet machen ... ouni der Natur ze schueden
kruemelatease 20.05.2011 - 09:18
Näicht fir Arachnophoben awer immens interessant an dës extreme Makrowelt ze gesinn!

Weider sou!

g3ckko 21.05.2011 - 12:30
Hehe, jo an der ginn et der jo anscheinend genuch hei smile
Zersch 20.05.2011 - 10:18
Mega flott Makro'en !
g3ckko 21.05.2011 - 12:30
Merci closed_eye
Jaqueline76 20.05.2011 - 13:15
wauuu di 3t geseit aus ewei wann Spann geng Boxen goën smile
g3ckko 21.05.2011 - 12:30
Hmmm okay smile Merci fir de Kommentar.
Jeanny 20.05.2011 - 18:17
suetz du erëm an der Heck smile einfach TOP
g3ckko 21.05.2011 - 12:32
Ech setzen quasi emmer an der Heck smile Mee dei hei hun ech awer an engem Gaart geknipst. smile Merci Jeanny.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 475 Gäscht online